HesperDéif gepëtzt no Abroch a Bensinsstatioun

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no Hallefnuecht gouf an der Route de Thionville agebrach. Den Onéierlechen hat sech doropshi mam Vëlo aus dem Stëbs gemaach.

Wéi sech de Mann um Drotiesel ëmgedréint hat, fir ze kucken, ob d’Police hannert him wier, ass hie gefall. No senger Chute huet den Déif versicht, sech zu Fouss duerch d’Bascht ze maachen an ass duerch e puer Gäert gelaf. Schlussendlech ass et de Beamte vun der Police awer gelongen, de Mann z’immobiliséieren. Déi geklaute Wuer konnt séchergestallt ginn. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. Hie koum e Freideg den Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

An der Nuecht op e Freideg gouf och am Pommerlach an eng Tankstell agebrach. Éischten Ermëttlungen no waren et zwee männlech Täter.

Da mellt d’Police nach eng Partie Permisen, déi agezu goufen. Zu Schëffleng an der Keeler Strooss ass en Automobilist géint 2 Auer an der Nuecht ze séier laanscht e Policewon gefuer. Wéi sech erausgestallt huet, hat de Chauffer Alkohol consomméiert. Den Test ass positiv verlaf, de Fürerschäi war hie lass. Géint 3.25 Auer ass eng alkoholiséiert Persoun an der Route de Thionville an der Stad gerannt. Well den erlaabten Héchstwäert un Alkohol iwwerschratt gouf, huet den Automobilist säi Permis missen ofginn. An der selwechter Strooss hat d’Police kuerz no Mëtternuecht e Permis agezunn. Enger Patrull ass e Gefier entgéint komm mat futtisse Pneuen. De Chauffer huet d’Stopzeeche vun de Beamten ignoréiert. Bei enger Kontroll huet sech dunn erausgestallt, datt sech de Mann alkoholiséiert hannert d’Steier gesat hat. Net nëmme war de Permis du fort, ma hie krut och e Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO