Aus dem PolicebulletinDéif probéieren, Posch ze klauen - zwou Persoune festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg hunn Déif probéiert, enger Persoun am Garer Quartier d'Posch ze klauen. Dat deelt d'Police e Samschdeg de Mëtteg mat.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Zwee Ugräifer hu probéiert, dem Affer an der Avenue de la Gare d’Posch fortzerappen, wouropshin et zu enger Ausernanersetzung koum. En Zeien huet probéiert, anzegraifen, wouropshin d’Täter sech duerch d’Bascht gemaach hunn. D’Police huet sech op d’Sich gemaach a konnt zwee Verdächteger fannen, déi op Uerder vum Parquet dunn och festgeholl goufen. Blesséiert gouf beim Tëschefall keen.

E Freideg an an der Nuecht op e Samschdeg goufen der Police dann och nach eng rei Abréch gemellt. Zu Gonnereng an der Impasse Hiehl, zu Mutfert an der Rue de Pleitrange, zu Bäreldeng an der Rue Bellevue an zu Wuermer an der Rue Principale.

Back to Top
CIM LOGO