
D’Police mellt zwee Déifställ an der Nuecht op e Sonndeg an der Stad. Kuerz virun 1 Auer hunn dräi Täter bei der Badanstalt eng Persoun, déi op de Bus gewaart huet, opgefuerdert hinnen d’Kopfhörer ze ginn. Wéi keng Reaktioun koum, hu si de Sportskuerf vum Affer mat Gewalt u sech gerappt.
Ëm déi nämlech Zäit hu 4 Täter an der Escher Strooss zu Gaasperech zwou Persounen an e Gespréich verwéckelt an hinnen dobäi den Handy geklaut.
A béide Fäll gouf eng Plainte deposéiert an d’Ermëttlungen ageleet.
Ausserdeem mellt d’Police, dass 3 Permise wéinst Fueren ënnert Alkoholafloss hu missen agezu ginn. Dat war eng Kéier an der Route d’Esch zu Gaasperech de Fall, dann an der Escher Strooss zu Keel an an der Rue de Michelbouch zu Mäerzeg.
Zu Mäerzeg war de Chauffer an eng Mauer op engem Grondstéck gerannt. Den Auto gouf dobäi schwéier beschiedegt. Den Automobilist war nom Accident fortgaangen, konnt awer kuerz drop ugetraff ginn.