Zeienopruff vun der PoliceDéifstall zu Esch-Uelzecht

RTL Lëtzebuerg
Géint 15.30 Auer en Donneschdeg krut eng Fra op der Place de l'Exposition zu Esch hir Posch geklaut.
© RTL Grafik

Wéi d’Police mellt, wieren déi zwee Täter vun hannen un d’Fra erugetrueden. Ee vun hinnen hätt d’Posch gegraff, wärend deen anere si op de Buedem gestouss huet, woubäi d’Fra liicht blesséiert gouf. Duerno sinn d’Täter duerch d’Rue de Cologne an d’Rue de de Mondercange geflücht.

Ee vun den Täter soll ongeféier 1.80 Meter grouss gewiescht sinn a soll eng donkel Hautfaarf gehat hunn. Hien hätt eng schwaarz Joggingsbox, eng donkelgréng Joggingsjacket an eng schwaarz Kap ugehat.

Deen aneren Täter wier ronn 1.65 Meter grouss gewiescht, soll eng donkel Hautfaarf a Rastae gehat hunn, déi bis op d’Schëller erofginn. Hie soll eng schwaarz Jeansbox an en donkele Pullover oder eng donkel Jackett ugehat hunn.

Wien Informatiounen iwwert d’Dot oder déi presuméiert Täter huet, ass gebieden, sech bei der Escher Police ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer +352 244 50 1000 oder via Mail.

Back to Top
CIM LOGO