Rapport iwwer Virus-VariantenDelta-Variant gouf an alle sequenzéierten Echantillonen nogewisen

RTL Lëtzebuerg
De Staatslabo LNS huet e Freideg am neie Rapport Detailer iwwert d'Sequenzéierunge ginn, déi an der 48. Kalennerwoch duerchgefouert goufen.

Analyséiert goufen 1.158 Prouwen. An deem Zäitraum goufen 2.699 Persoune positiv getest. Alleguerten d’Prouwen, déi an der 48. Kalennerwoch sequenzéiert goufen, sinn op d’Delta-Mutatioun zeréckzeféieren. Den éischten Omikron-Fall gouf an de Prouwe vun der 49. Woch entdeckt.

D’AY.43-Linn kënnt mat 34,8 % am heefegste vir, AY.4 op Plaz 2 mat 11,8% an AY.98.1 op drëtter Plaz mat 8,4%.

Iwwerdeems gouf mat 27 detektéierte positive Grippe-Prouwen den entspriechende Seuil depasséiert, deen d’Epidemie-Saison alaut, sou wéi se den ECDC festgeluecht huet.

PDF: Rapport LNS

Back to Top
CIM LOGO