"Elo net decouragéiere loossen"Dem Grand-Duc Henri seng Usprooch op Hellegowend

RTL Lëtzebuerg
"Mir hu bal 2 Joer hannert eis, an deene mir an der Pandemie liewen. Mir hunn de Kapp net hänkegelooss a mir dierfen eis och lo net decouragéiere loossen."
Dem Grand-Duc Henri seng Usprooch op Hellegowend
“Elo net decouragéiere loossen” ass d’Ried vum Lëtzebuerger Staatschef iwwerschriwwen.

Dat ass ee vun de Messagen, deen de Grand-Duc Henri der Populatioun a senger Usprooch op Hellegowend mat op de Wee gëtt.

D’Usprooch op Hellegowend vum Grand-Duc Henri

Hien ënnersträicht, datt e kollektiven Effort néideg ass, datt jidderee seng Responsabilitéit muss iwwerhuelen an datt d’Solidaritéit essentiell bleift. De Staatschef erënnert och drun, datt Lëtzebuerg schonn e puer Mol a senger Geschicht gewisen huet, datt et kann zesummen halen an datt d’Leit ee fir deen aneren do sinn.

De Grand-Duc ass fest dovunner iwwerzeegt, datt d’Impfungen deen eenzege Wee sinn, fir d’Pandemie an de Grëff ze kréien. Natierlech hätt an enger Demokratie jiddereen e Recht op seng eege Meenung a jidderee wier fräi fir ze decidéieren, ob ee sech impfe léisst oder net. Et misst een sech awer bewosst sinn, datt deem enge seng Fräiheet do ophält, wou deem anere seng ufänkt an zu där Fräiheet géing och d’Sécherheet an d’Gesondheet vu Jidderengem gehéieren.

Mir missten éierlech an oppen an eiser Gesellschaft kënnen iwwer kontrovers Theme schwätzen, mat Toleranz a Respekt fir verschidde Meenungen, seet de Grand-Duc Henri an erënnert drun, datt eng Demokratie bedeit, d’Decisioune vun der Majoritéit ze respektéieren. Et wier inakzeptabel an de falsche Wee, mat Gewalt eppes dorunner wëllen ze änneren.
Gewalt - esou de Staatschef- ass ni eng Léisung a gëtt an eisem Rechtsstaat och net toleréiert.

Nieft der Pandemie geet et an der Usprooch vum Grand-Duc awer zum Beispill och ëm de Klimaschutz, deen him besonnesch um Häerz léich. Hien erënnert un déi terribel Iwwerschwemmunge vum hallwe Juli. Dat wier eng weider Illustratioun, datt dréngend muss gehandelt ginn.

Lëtzebuerg hätt et nach ëmmer fäerdeg bruecht, Erausfuerderungen als nei Opportunitéiten ze gesinn. Eist Land hätt sech esou ëmmer erëm nei erfonnt. Mir sinn eng Gesellschaft, déi Diversitéit, Oppenheet an Toleranz lieft, seet de Staatschef. Lëtzebuerg géif weider aktiv matschaffen, fir Ziler ewéi d’CO2-Neutralitéit bis 2050 ze erreechen. Dobäi géifen och Initiativen aus dem Privatsecteur eng wichteg Roll spillen. Et wier Pionéiergeescht gefrot, fir d’Welt méi effizient, méi propper, méi equitabel a méi nohalteg ze maachen.

Grand-Duc Henri seng Usprooch op Hellegowend (Zeechesproch)
“Elo net decouragéiere loossen” esou ass d’Ried iwwerschriwwen.

PDF Ried vum Grand-Duc (F)

Back to Top
CIM LOGO