
No knapp 8 Méint un der Spëtzt vun der Amiperas, huet RTL-Informatiounen no, den Nationalpresident Jean Morby d'Handduch geheit. Nieft him sollen och de Vizepresident Claude Caudron an de Reviseur de caisse Ray Remackel zeréckgetruede sinn.
De Jean Morby war am Juni 2018 un d'Spëtzt vun der Amiperas gewielt ginn, nom Doud vum laangjärege President Jeannot Belling. Aus wéi enge Grënn den Nationalpresident vu bis elo, souwéi zwou weider Persounen aus dem Comité zeréck getrueden sinn, ass net gewosst.
Scho virun e puer Joer haten et intern Problemer bei der Amiperas ginn. Eng Rei Sektiounen haten Uganks 2016 opgehalen, entweder duerch Streidereien oder well net méi genuch Leit sech benevole engagéiert hunn. De fréiere President Jeannot Belling hat deemools drop higewisen, dass d'selwecht wéi an anere Veräiner, och an der Amiperas d'Stëmmung tëscht verschiddene Leit net déi allerbescht wier. Hien hat an dem Kontext un de Sënn an Zweck vun der Organisatioun erënnert, an zwar d'Wuel vun deenen eelere Leit. Aktuell zielt d'Seniorenassociatioun ronn 8.000 Memberen.