Dëse Samschdeg gouf nees an der Stad géint de Krich an der Ukrain demonstréiert. Wéi et vun der Police heescht, ware ronn 1.000 Leit op der Plaz. D’Demonstratioun war ugemellt a gouf vun der ASBL LUkraine organiséiert.
“Stoppt de Krich, stoppt de Putin”, hunn d’Manifestante gejaut. Ausserdeem gouf eng Fluchverbuetszon gefuerdert. Net just Lëtzebuerger Residenten, ma och Leit aus dem Ausland ware bei der Demo an der Stad dobäi. Och Leit, déi selwer an hirer Heemecht e Krich erlieft hunn, hunn un der Maniff deelgeholl a sech solidaresch mat der Ukrain gewisen.