Wann alles richteg leeftDen 28. Dezember sollen déi éischt Leit zu Lëtzebuerg geimpft ginn

RTL Lëtzebuerg
De 26. Dezember soll déi éischt Liwwerung mat Vaccine vu Biontech/Pfizer ukommen, esou dass den 28. géif ugefaange gi mat impfen.

Dat huet de Premier Xavier Bettel e Méindeg de Mëtteg op der Pressekonferenz matgedeelt.

D'Regierung huet – opgrond vum Avis vum nationalen Ethikrot – decidéiert, datt als éischt d'medezinescht Personal soll geimpft ginn. Sou solle si als éischt an der Hal Victor Hugo kënnen e Vaccin kréien. Vum 30. Dezember u kann dann d'Personal aus dem Alters- a Fleegeheemer geimpft ginn. Et gëtt allerdéngs keng Impfflicht. Fir déi éischt Phas wieren eng 35.000 Dosen néideg.

Tëscht dem 4. an dem 6. Januar gëtt sech iwwerdeems d'Autorisatioun vun der EU fir den Impfstoff vu Moderna erwaart.

RTL-Artikel: Biontech-Pfizer-Vaccin EMA erlaabt Zouloossung an allen EU-Länner

Back to Top
CIM LOGO