Belsch VignetteD’Gemeng Stengefort fäert Auswierkungen op den Trafic

Pit Everling
D'Lëtzebuerger Regierung hat der wallounescher Regioun eng Ausname-Reegelung fir d'Grenzregioun proposéiert, krut awer elo, wéi et ausgesäit, vun Namur e Kuerf. An der Märei zu Stengefort gëtt d'Vignette op alle Fall net begréisst.
An Zukunft manner Verkéier op der A6, dofir méi zu Stengefort an Ëmgéigend?
© RTL

Belsch Vignette: D'Gemeng Stengefort fäert Auswierkungen op den Trafic

100 Euro d'Joer fir thermesch Gefierer, 90 Euro fir Elektro-Autoen. Belsch Autobunnen an Nationalstroosse si vum nächste Joer un net méi gratis. De Buergermeeschter vu Stengefort Sammy Wagner fäert negativ Konsequenze fir seng Gemeng.

"Et ass ganz kloer, datt mir als Gemeng Stengefort net begeeschtert sinn. Mir haten och gehofft, datt do vläicht déi eng oder aner Decisioun op belscher Säit nach géif an eng aner Richtung geholl ginn."

Virun allem kéinte Leit, déi an d'Geschäfter op d'Grenz wëllen, d'Lëtzebuerger Landstroossen huelen, amplaz wéi bis ewell d'Autobunn.

"Ech denken un dat grousst schweedescht Miwwelhaus, wat sech do viru Joren ugesidelt huet."

De Stengeforter Buergermeeschter Sammy Wagner
D’Gemeng Stengefort fäert Auswierkungen op den Trafic duerch déi nei Vignette fir belsch Stroossen.

Sengen Zuele no gëtt et vu Lëtzebuerger Säit aus 3.600 potentiell Aller-Retouren an dat Geschäft, pro Dag. En Deel vun de Chauffere kéint lo de Wee duerch d'Dierfer privilegiéieren, sou de Gemengepapp. Villes wier awer nach net kloer.

"Wou fänke se u mat de Kameraen ze kontrolléieren, ob d'Leit déi betreffend Vignetten hunn? An och wat fir eng Stroossen och reell betraff sinn herno? Ass et just d'Autobunn, d'Nationalen, d'Regionalen, dat ass dat, wat elo ugekënnegt ass. Et ass awer nach keng Lëscht do vun de Stroossen. Ech mengen, den einfachste Wee wär jo, fir d'Autofuerer aus Lëtzebuerg, an do wëll ech kengem eppes verdenken, wann e sech néng Euro wëllt spueren, wann en dann um Wandhaff vun der Autobunn eroffiert, e fiert duerch Hoen, fiert duerch Klengbetten, vu Klengbetten op Sterpenech, oder fiert dann herno iwwer Grass op Sterpenech."

An do hofft een op déi néideg Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerger Säit, seet den LSAP-Buergermeeschter. D'Gemeng wëll elo mam Ministère a mat Ponts et Chaussées kucken, wéi een déi eventuell zousätzlech Fluxe geréiere kann. Et wier ze begréissen, datt d‘Lëtzebuerger Regierung versicht hätt, eng Ausname-Reegelung fir d‘Grenzregioun ze fannen.

"D'Mobilitéitsministesch huet jo am Numm vun der Regierung ripostéiert, hir Bedenken zum Ausdrock bruecht, bon, et ass eng souverän Entscheedung vun de Belsch, et bleift elo nach ofzewaarden, ob europäescht Recht respektéiert bleift, ob dat esou an där Form ëmsetzbar ass, wéi se dat elo ugekënnegt hunn hannen drun. Wat hätt een do elo kënne méi maachen? Et ass elo net u mir, fir do elo mam Fanger ze weisen. Ech brauch eeben elo just virun allem ganz konkreet pragmatesch Ënnerstëtzung vun eiser Regierung hei am Alldag."

An den Ae vum Sammy Wagner ass d'Vignette och kee gutt Zeeche fir eng oppe Grenzregioun. Et géing een och eng weider Kéier den Dialog mat der Gemeng Arel sichen.

D’Lëtzebuerger Mobilitéits- a Bauteministesch Yuriko Backes war aus gesondheetleche Grënn net fir en Interview disponibel. Si léisst eis op Nofro hi schrëftlech ausriichten, datt een aus der Press gewuer gouf, datt d'Aféierung vun der Vignette confirméiert ass. Et hätt een nach keng offiziell Réckmeldung zur Lëtzebuerger Propos. Soubal déi definitiv Texter do sinn, wäert een d'Analys maachen an och préiwen, ob déi belsch Pläng konform zum EU-Recht sinn, sou nach d'Ministesch.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO