Vu SennengKuckt de Pressebriefing no der Tripartite géint 17 Auer

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg maachen d'Regierung an d'Sozialpartner zu Senneng de Suivi vun der Tripartite aus dem Juni.

Do hate se jo ënnert anerem d’Energiehëllefen ausgemaach, déi de Moment a Kraaft sinn, an och decidéiert, datt de Mindestloun an d’Luucht geet.

Am September sinn d’Energiepräisser awer méi geklommen, wéi een nach am Juni geduecht huet. Dofir hunn d’Sozialpartner d’Entwécklung vun der Inflatioun am A.

D’lescht Woch hat de Premier Luc Frieden gemengt, hie kéint nach net soen, ob d’Energiehëllefen och nom Dezember weider gefouert ginn. Den Ament gëlle Reduktiounen um Stroum, Gas, Masutt, Bensinn an Diesel.

Am Virfeld vun der Reunioun wollte mir da bei den eenzele Vertrieder vu Gewerkschaften, Patronat a Regierung de Bols fillen a wëssen, wat si sech vun dësem Tripartite-Suivi erwaarden.

D'Sozialpartner a Vertrieder vu Patronat a Regierung virum Tripartite-Suivi
De Marc Lauer, d'Nora Back, de Patrick Dury, de Romain Wolff, de Luc Frieden an de Gilles Roth iwwer hir Erwaardungen un dësen Tripartite-Suivi.

De Pressebriefing no der Tripartite kënnt Dir bei eis géint 17 Auer am Livestream suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO