Statec-Direkter Tom Haas bei TripartiteMesurë vum Summer hate staarken Impakt, mee Kris wier durabel

Michèle Sinner
En Dënschdeg maachen d'Regierung an d'Sozialpartner zu Senneng de Suivi vun der Tripartite vum Juni.
D'Sozialpartner a Vertrieder vu Patronat a Regierung virum Tripartite-Suivi
De Marc Lauer, d'Nora Back, de Patrick Dury, de Romain Wolff, de Luc Frieden an de Gilles Roth iwwer hir Erwaardungen un dësen Tripartite-Suivi.

Deemools ware jo verschidden Aiden a Subventiounen decidéiert ginn, fir d'Inflatioun ze bremsen. Den Direkter vum Statec Tom Haas, sot no senger Presentatioun, de Schock, deen een deemools gesinn hätt, wier manner transitoire, wéi deemools geduecht:

"Dee Risiko, dee mer gesinn hate fir d'Joer 2026, deen huet sech elo no hanne verréckelt an d'Joer 2027, dat heescht, mir hu gewisen, datt déi Präismesuren am Summer ee staarken Impakt haten, datt déi gehollef hunn. Mee déi hunn eebe gehollef an enger temporärer Kris. A wann et elo effektiv sech wäert erausstellen, datt et méi eng permanent, méi eng durabel Kris ass, déi sech bis an d'Joer 2027, an deelweis souguer, soen d'Marchéen, datt dat nach Präiseffekter bis 2028 hat, notamment um Gas, da stellt sech natierlech d'Fro, wat d'Konsequenze si vun esou engem Präiszenario."

Genee dat berechent de Statec an den nächsten zwou Wochen, da wäert eng nei Inflatiounsprevisioun virgestallt ginn, wou een dann och gewuer gëtt, wéini mat der nächster Indextranche ze rechnen ass. Am Juni war gefaart ginn, si kéint nach virun Enn vun dësem Joer kommen.

"Dowéinst si Mesuren ergraff ginn. Déi hunn dann effektiv gemaach, datt mer dëst Joer warscheinlech keng Indextranche méi wäerten hunn. Mir haten deemools jo och scho virausgesot, datt déi sech bis an zwee Trimester géif zéien, soudatt dann och déi 12 Méint respektéiert wieren, déi si sech als Zil virginn haten. Mat deem, wat elo an deene leschte Woche geschitt ass, ass awer effektiv de Risiko, datt dat elo net méi géif zielen. Mee dat wësse mer haut nach net. An zwou Woche wësse mer do méi."

Fir viraussiichtlech ëm 17 Auer ass e Pressebriefing ugesat. Dëse kënnt Dir bei eis am Livestream suivéieren:

Back to Top
CIM LOGO