Suivi vun der Tripartite"Hoffen, datt Index weider a Stee gemeesselt ass"

Michèle Sinner
Am Juni goufen déi Energiehëllefen decidéiert, déi de Moment scho gräifen. A beschloss, datt de Mindestloun an d’Luucht geet. Mesurë fir d’Kafkraaft ze erhalen, wann alles méi deier gëtt.
© SIP / Julien Warnand

En Dënschdeg mécht d’Regierung mat de Sozialpartner zu Senneng de Suivi vun der Tripartite vum Juni. Sou haten déi Dräi dat deemools ofgemaach. Am Juni goufen déi Energiehëllefen decidéiert, déi de Moment scho gräifen. A beschloss, datt de Mindestloun an d’Luucht geet. Mesurë fir d’Kafkraaft ze erhalen, wann alles méi deier gëtt.

Suivi vun der Tripartite - Reportage Michèle Sinner

D’Presidentin vum OGBL Nora Back ass frou, datt d’Reunioun ass. D’Gewerkschafte waren Demandeur, datt ee sech reegelméisseg am Tripartite-Kader gesäit:

"Einfach, fir dass de Sozialdialog um Liewe bleift an dass ee sech echangéiert iwwert d’Situatioun. An d’Situatioun ass jo awer besuergniserreegend. Déi Leit, déi mir vertrieden, déi schaffend Leit an hir Famillen, maache sech ganz vill Suergen an duerfir hu mir d’Erwaardung, dass mer deene kënne Rechnung droen an deenen entgéint kënne kommen.”

Am Juni haten d’Sozialpartner mat der Regierung Mesuren decidéiert, déi sollen hëllefen, d’Inflatioun am Grëff ze halen - d’Interventioun op de Sprit-Accisen, um Gas, Mazout etc. Doduerch soll d’Entwécklung vun de Präisser am Wuerekuerf gebremst ginn, fir z’evitéieren, datt sech d’Indextranchen enchaînéieren. Ma well de Krich am Mëttleren Osten méi laang dauert ewéi nach am Juni geduecht, sinn dem Statec seng Zenarien iwwert d’Entwécklung vun der Inflatioun vun deemools e bëssen op der Kopp.

Dofir erwaart sech de René Winkin, Direkter vun der Fedil, nei Zuelen:

“Mir ginn dovun aus, datt mer Previsioune kréien, well et awer schwéier ass, Previsiounen ze maachen, mengen ech, brauche mer Projektiounen an Zenarien eran. Wat ass an engem méi positiven Zenario? Wat ass an engem méi negativen Zenario? An deen Zenario era kann ee projezéieren, wann déi Moossnamen auslafen, wa mer déi Moossnamen deels oder ganz géife bäibehalen a vläicht an engem ganz negativen Zenario musse mer eppes änneren a kann een dann och dat projezéieren, fir ze wëssen, wéi effektiv wär dat.”

De Premier Luc Frieden hat d’lescht Woch erkläert, et wier nach keng Decisioun geholl, ob d’Energiemesuren an dat neit Joer era virugefouert ginn, an ob d’Reunioun vun haut verwisen:

“Generell ass d‘Kafkraaft vun de Leit an den dräi Joer vun dëser Regierung bis elo eropgaangen. Mir wäerten doru weider schaffen.”

Hie wëll zesumme mat de Sozialpartner analyséieren, wat de Statec hinne vun Zuele virleet. Ma seng Aussoen dierften d’Gewerkschaftssäit alt berouegen. D’Nora Back seet nämlech:

“Am Juni hu mer effektiv eng Rei Mesurë geholl, fir justement d'Inflatioun ofzebremsen an fir dann d'Präisser an de Grëff ze kréien. Wann et sech elo erausstellt, dass dat nach net duergaangen ass, da bedeit dat fir eis, dass mer weider Mesurë mussen ergräifen. Ech, wann Der mech ëm meng Erwaardunge frot, dann hunn ech d'Erwaardung, dass d'Regierung dru festhält, dass den Index a Stee gemeesselt ass. Dir wësst, dass dat fir eis eng ganz wichteg Prämiss ass.”

Nach ass awer net alles ëmgesat, wat am Juni beschloss gouf. De René Winkin seet:

“Mam ganze Pak wousste mer, et si Saachen, déi gi méi séier, si Saachen, déi ginn, déi brauchen hir Zäit. Et duerf een awer net iwwerdreiwen an där Zäit, well ech mengen, mir a sécher och d'Gewerkschaften op Punkten, sinn am Recht och ze erwaarden, datt dat, wat mer ofgemaach hunn, dann och geliwwert gëtt.”

Him géif awer näischt afalen, wou d’Regierung Wuert gebrach hätt.

Lauschtert hei nach emol de Reportage vum Michèle Sinner vun 7:15 Auer:

Tripartite-Mesuren - Reportage Michèle Sinner

Back to Top
CIM LOGO