Iechternacher Strooss blockéiertAccident op der Kräizung vun der N11 mam CR119 aus Direktioun Stafelter

Andy Brücker
Zwee Gefierer hu sech géint 12:35 Auer ze pake kritt. Eng Persoun huet mussen aus dem Auto erausgeschnidde ginn.

En Dënschdeg an der Mëttesstonn gouf et méi e schroen Accident op der Iechternacher Strooss, op der Kräizung mam CR119, wou een op de Stafelter kënnt. Zwee Autoe sinn hei anenee gerannt. Eng Persoun huet mussen aus dem Auto erausgeschnidde ginn.

Éischten Informatiounen no goufen zwou Persoune verwonnt. D'N11 huet op där Plaz musse fir den Trafic gespaart ginn. Deviatioune goufen op der Plaz ageriicht.

Gefierer, déi aus Richtung Dummeldeng koumen, goufe via den CR119 a Richtung Stafelter deviéiert. Déi Autoen, déi aus Richtung Jonglënster komm sinn, goufen drop higewisen, dass d'Streck Richtung Stad blockéiert wier.

Back to Top
CIM LOGO