Géint d'SchwéngspeschtDen 9 Kilometer laangen Zonk soll bis Mëtt Mee stoen

RTL Lëtzebuerg
Eng 25 bis 30 Zaldoten vun der Arméi, wéi och eng Privatfirma sinn aktuell am Asaz, fir den Zonk opzeriichten. Käschtepunkt: ronn eng hallef Millioun Euro.
© Jeannot Ries

Knapps 9 Kilometer gëtt e laang: den ominéisen Zonk am Südwesten vum Land, laanscht déi belsch Grenz, als Präventioun géint d'Schwéngspescht.

Um Dënschdeg de Moien hat de Landwirtschaftsminister Romain Schneider d'Press op Lénger invitéiert, wou den Ament den Zonk direkt laanscht d'Vëlospist opgeriicht gëtt. Eng 25 bis 30 Zaldoten vun der Arméi, wéi och eng Privatfirma sinn dofir am Asaz. Wann een esou mat den Aarbechten weider kënnt wéi bis ewell, da missten déi knapps 9km Mëtt Mee stoen.

Käschtepunkt: Ronn eng hallef Millioun €.

Dass den Zonk weider ausgebreet gëtt, wéi déi knapps 9km déi elo opgeriicht ginn, hält de Minister iwwerdeems fir onwarscheinlech. Den Tracet gouf iwwerdeems no e puer Diskussiounen adaptéiert.

Romain Schneider: Et gouf och hei op Plazen, wou et de Wonsch war, wou et hätt kënne Contrainten ginn, hu mer Alternative gesicht an och fonnt, fir jidderengem et ze erlaben weiderhin op säin Terrain ze kommen. Wat jo och normal ass. Dofir konnt op eenzelne Plazen den Tracet liicht geännert ginn.

De Romain Schneider huet um Dënschdeg de Moie betount, dass ee weiderhin an enger Präventiounsphase wier. Bis ewell wier nach kee Fall vun der Schwéngspescht hei am Land diagnostizéiert ginn. Als Responsabele fir d'Landwirtschaft am Land hätt hien awer eng besonnesch Responsabilitéit, de Baueren géintiwwer. Do wier eben den Zonk eng konkret Mesure, déi natierlech keen 100%ege Schutz kéint bidden, mä de Risiko ferm minimiséiere géif, dass en infizéiert Wëllschwäin de Wee aus der Belsch eriwwer bei eis fanne géif. An deem Sënn freet de Romain Schneider och eng gewësse Solidaritéit vun alle concernéierten Acteuren an dësem nationale Problem.

Romain Schneider:D'Regierung ass hei solidaresch, déi eenzel Ministeren déi concernéiert sinn, sinn et. D'Verwaltungen sinn et och, a mussen aner Acteure kënnen erunzéien. Och d'Bauere musse solidaresch sinn. Och déi wou net Schwéngsbauer sinn. Well wat haut am Schwéngssecteur geschitt, kann muer vläicht an engem anere Secteur geschéien, an dann musse vläicht aner Contrainten geholl ginn.

Et war och en Opruff  vum Minister un d'Jeeër, weider, an der ausgewisener "zone blanche" weider Wëllschwäin ze schéissen. Ideal wier et jo, wa sech an där Zon keng Wëllschwäin méi géife befannen. Dat géif de Risiko vun engem Schwéngspescht-Virfall hei am Land immens reduzéieren. Prioritäert Zil vum Minister wier et, d'Schwéngsbaueren am Land, an hir gutt 90.000 Béischten bescht-méiglechst ze schützen.

Et sief nach emol drun erënnert, dass d'Schwéngspescht jo keng Gefor fir aner Déieren, oder de Mënsch duerstellt.

An engem Bréif un de Romain Schneider huet de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter e Méindeg iwwerdeems d'Kommunikatioun vum Minister mat senger Gemeng bedauert. Nodeems vill Reklamatiounen erakomm wären, ënner anerem vu Baueren, hätten d'staatlech Instanzen endlech Kontakt mat der Käerjenger Gemeng an de betraffene Baueren opgeholl. En Donneschdeg den Owend wär eng Informatiounsversammlung, dat am Festsall zu Kënzeg.

PDF: Schreiwes vun der Gemeng Käerjeng

Back to Top
CIM LOGO