Hien hätt de fréiere Poopst Joseph Ratzinger net gutt kannt. Ma e puer Erënnerunge behält hien awer. Wéi zum Beispill d’Simplicitéit mat där dëse konnt priedegen, an seng douce Stëmm. Impressionéiert war hien och, dass de Benoît de XVI wousst, dass hien de Jesuit aus Japan wier, wou hien ënnert iwwer 100 Bëscheef zum Bëschof ernannt gouf.
Dorop ugeschwat, dass hien als liberale Katholik awer méiglecherweis net ëmmer op enger Linn mam äerzkonservative fréiere Poopst gewiescht wier, sot hien, dass et ëmmer géinge verschidde Meenunge ginn. Dat däerften et och, mee am Glawe wier ee verbonnen.
Leet doe géing him d’Affär ëm d’Mëssbrauchsskandaler, wou dem Joseph Ratzinger reprochéiert ginn ass, dës als Münchener Bëschof verdeckt ze hunn. “Et muss een dat awer och an déi Zäit sëtzen. Eng Zäit, wou d’Bëscheef vun der ganzer Welt dat selwecht gemaach hunn”, sou de Kardinol. Wann een dat haut kuckt, wou een d’Leed vun de Victimmen erlieft huet, géing dat natierlech net. Et misst een sech awer och froen, wéi deemools d’Haltung an anere Beräicher, wéi bei Schoulmeeschter, Scouten oder Sportsveräiner war, an ob een och do haut beméit ass, alles opzedecken.
Méi no a sengen Usiichte steet de Jean-Claude Hollerich dem amtéierende Poopst Franziskus. Rezent goufen et Spekulatiounen iwwert dësem säi Gesondheetszoustand, an e méigleche Récktrëtt. Gerüchter, déi de Kardinol awer dementéiert. Et géing dem Franziskus gutt goen. “D’Kierch gëtt net mat de Knéie regéier, mee mam Kapp”, zitéiert hien dësen. An dee géing ganz gutt funktionéieren.
Fir d’héchst Amt vun der kathoulescher Kierch erhofft de Kardinol sech, dass de Kurs vum Franziskus och an Zukunft weidergefouert gëtt. Mat der Synode gouf 2021 e Reformprozess lancéiert. D’nächst Joer am Hierscht kënnt dësen op en Enn. De Jean-Claude Hollerich erhofft sech, dass dann op d’Leit an hier Wënsch gelauschtert gëtt. Dass et an Zukunft eng Kierch mat manner Hierarchië gëtt. «An dat muss bis an d’Poren erofgoen. Dass et e geweiten Déngscht un all de Fraen a Männer ass, déi d’Kierch sinn», sou den Äerzbëschof. Keen pyramidale System, mee e Vollek, wat zesummen ënnerwee wier.
Dëst wiere grouss Schrëtt fir d’kathoulesch Kierch. Richtungsweisend wäert hei awer ëmmer och den amtéierende Poopst bléiwen. Dëse gëtt vun de walberechtegte Kardineel gewielt. An trotzdeem fält ëmmer erëm den Numm vum Jean-Claude Hollerich als méigleche Successeur vum Fanziskus. E Lëtzebuerger Poopst? “Nee, nee, nee”, wénkt de bescheidenen Äerzbëschof of. Et géinge vill Kardineel ginn, déi vill besser wiere wéi hien.