D'Ekippe sti prett, seet de President vum Verwaltungsrot vum CGDIS. Vun e Sonndeg u funktionéiert jo den neie Corps grand-ducal d'incendie et de secours. Fir den Alain Becker ass d'Reform néideg, fir al Problemer lass ze ginn, zum Beispill deen, datt d'Permanencen net ëmmer optimal konnte besat ginn.
Fir de Bierger géing mat der neier Struktur näischt änneren, d'Organisatioun hannert de geleeschte Rettungszerwisser géing optimiséiert ginn, sot den Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moien. Mat der neier Rettungsketten gëtt et eng Persoun, deen d'Soen op der Plaz huet an déi Persoun ass dann och den Uspriechpartner fir déi Responsabel an de Gemengen an d'Leit vum Staat. An do gouf sech op de franséische Modell baséiert. Et wéilt een an Zukunft näischt méi dem Zoufall iwwerloossen.
D'Revendicatioun wier vum Terrain komm an d'Reform wier net vun uewen erof diktéiert ginn. Ee vun de grousse Changementer ass jo deen, datt d'Gemengegrenze verschwannen. Vum 1. Juli ass et kloer, dass déi Unitéit op d'Plaz geruff gëtt, déi am noosten ass. D'Aarbecht wäert sech also bësse verdeelen.
D'Acteuren um Terrain wieren am Detail informéiert ginn an all d'Froe missten eigentlech beäntwert sinn, esou den Alain Becker.
Wichteg wier et elo, datt e Corps-geescht am CGDIS kéint opgebaut ginn. Un d'Gemengen ass et awer och den Appel, d'Pompjeescorpse vu bis ewell als Veräin, als Amicale weider z'ënnerstëtzen.
De CGDIS setzt sech aus 400 Salariéen a 4000 Fräiwëllegen zesummen. D'Zil ass et och, fir pro Joer 50 Pompjeess-Secouriste fest anzestellen.
E Freideg de Moie war de President vum Verwaltungsrot vum Corps grand-ducal d'incendie et de secours eisen Invité am Studio.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren