
Méi rezent zum Beispill bei der Auslaaschtung vum Prisong: Zanter de Preventiounszenter um Uerschterhaff am Dezember 2022 opgaangen ass, huet de Prisong zu Schraasseg eng Tâche manner. Och d’Unzuel un Detenuen ass doduerch däitlech erofgaangen op entretemps 285 Prisonéier. An dee bis Dezember 2022 als Preventiounszenter genotzte sougenannte “Block Delta”, sollen an Zukunft Büroen oder Dusche fir d’Personal kommen. D’Direktesch vum Schraasseger Prisong, d’Joke van der Stricht, gesäit déi jéngst Entwécklunge positiv: “Et ass eng Rou am Haus erakomm, déi mer scho laang net méi haten. Mir konnte verschidde Saachen ëmsetzen, Detenue si méi roueg, d’Personal huet och nach hir Aart, fir hei ze schaffen. D’Aarbechtsambiance ass eng aner ginn.”
Mä och op méi laang Siicht, zanter der Ouverture vum Prisong 1984 huet sech vill gedoen. Net nëmmen ass méi Personal bäikomm, dësen ass och méi spezialiséiert ginn. Dat am medezineschen, edukativen, psychiatreschen a psychosoziale Beräich, wouduerch d’Prisonéier op en entspriechende Service zeréckgräife kënnen.
Geleet gëtt dëse Service psychosocial et socio-educatif vum Georges Kass. Assistant-sociallen an Educateure sollen den Detenuen hei psychologesch zur Säit stoen, ma si och op e Liewen nom Prisong virbereeden. “Mir kucke virun allem emol, wéi laang ass en heibannen? Wéi laang muss en heibanne sinn? An da maache mir och e Planning mat him zesummen, wann een ee Joer huet oder 20 Joer - ass awer en Ënnerscheed - do muss een da kucken, wou kënne mer en hibréngen, fir datt en net rëm hei lant?”, erkläert de Georges Kass eng vun den Aufgabe vu sengem Service.
Méi konkreet geet et beispillsweis drëms, fir engem Prisonéier eng Aarbecht ze sichen, fir wann en nees erauskënnt. Wéi een dat muss ugoen, variéiert jee no akademeschem Hannergrond vum Prisonéier, dee vu kengem Ofschloss bis bei Unisdiplom goe kann. Dës Villfältegkeet spigelt sech och an der Aart a Weis, wéi d’Detenuen hir Situatioun mental veraarbechten: “Et huet keen an der Spillschoul ugekräizt, eng Kéier an de Prisong ze kommen. Dat heescht, et ka jidderengem geschéien. Mir sinn eis all vläicht net bewosst wéi séier et awer ka goen. Et sinn der vläicht heibannen, déi méi wéi eng gestiicht hunn a wou schonn de Wee drop hi deit, datt se eng Kéier kéinten hei landen, mee anerer do ass iergendeppes am Liewe geschitt an dann ass ee bemol hei. An do ginn natierlech déi eng méi an déi aner manner gutt domadder eens.”, sou nach de Georges Kass.
Net nëmme kréien d’Prisonéier gehollef, fir no hirer Entloossung aus der Haft eng Aarbecht ze fannen, och kënne si scho wärend hirer Zäit am Prisong zu Schraasseg schaffen oder Formatioune besichen. Handwierklech Ateliere wéi eng Schlässerei oder eng Schräinerei ginn ugebuede ma och eng Usträicherei oder Atelieren, fir ze bitzen oder ze strecken. Och ginn et eng Rei Produktiounsatelieren, wou Saache vun de Prisonéier hiergestallt an u Clientë fir Geld verkaf kënne ginn. Aarbecht am Prisong ass u sech obligatoresch, mä et ginn och Ausnamen, erkläert eis de Chef vum Service Travail et Formation, de Gilles Eckert: “Also am Gesetz steet eigentlech, dass de Strofgefaangene muss schaffen. Allerdéngs ass et esou, dass mer net ëmmer fir all Strofgefaangenen eng Aarbechtsplaz hunn an da kënnt och nach dobäi, dass ee kann entbonne ginn dozou, wann zum Beispill d’Pensiounsalter erreecht ass, wann een net gesond ass oder eeben nach aner Situatiounen.”
D’Paie kënne mat der Zäit klammen an d’Prisonéier kënnen déi verdéngt Suen natierlech och no der Entloossung halen. Déi besicht Formatioune kënne si sech doriwwer eraus och zertifiéiere loossen, wat fir d’Sich no enger Aarbecht nom Prisongsopenthalt hëllefräich ass.

Fir dass de Prisong zu Schraasseg fonctionéiert, brauch een net nëmme Prisonéier, mee och dat néidegt Personal. Aktuell schaffen hei 383 Leit, dovunner eleng 272 Giischtercher, oder och Agents pénitentiaires. De Gary Clement ass ee vun hinnen. Den Alldag a sengem Beruff beschreift hien als relativ villfälteg, well et verschidde Sektiounen a Servicer fir d’Beamte ginn: “Dat kënne mol méi administrativ Plaze sinn, dat kënnen natierlech och Plaze sinn, wou d’Leit méi mat engem Detenu ze dinn hunn. Dat heescht, wou mer dann den Detenu no engem Dagesoflaf kënnen duerch den Dag begleeden an eis och dann un déi verschidde Situatiounen upassen, déi da sou am Alldag op een duerkommen.
Begleet gëtt de Gefaangenen a sengem Prisongsalldag beispillsweis bei den internen Dokter, op seng Aarbecht oder bei aner Projeten. Donieft datt een Agent pénitentiaire sech dru gewinne muss, hannert zouenen Dieren ze schaffen, muss en och aner Viraussetzunge matbréngen, wéi eis de Gary Clement weider erkläert: “Et muss ee mol a mengen Aen stressresistent sinn. Natierlech hu mir hei bannen och Reegelen, Dagesofleef, un déi mer eis och alleguerten halen, mee ech sinn awer der Meenung, datt et zimmlech wichteg ass, och eng gewëss Flexibilitéit ze hunn, déi ee souwisou a mengen Ae muss hunn, wann ee bis mat Leit schafft. Et kann een net ëmmer alles à la ligne maachen.”
De Beruff vum Agent pénitentiaire am Prisong ass net ëmmer einfach, dofir muss een d’Aarbecht kloer vu sengem Privatliewen trennen, sou nach de Gary Clement.
