
Hie gouf jo bei de Sozialwalen net méi an d'Chambre des Salariés gewielt, ma ass just Suppleant. Bis Dezember wäert hien d'Geschécker vum OGBL awer weiderhi leeden:
Fir Diskussiounen z'evitéieren, ginn ech keng Äntwert drop. Dat ass genee déi Saach, wou mir soen als OGBL, an ech a mengem perséinleche Numm, den OGBL huet et net verdéngt, bei deem do Walsuccès eng Persounen-Diskussioun ze féieren. Dofir hunn ech déi Decisioun och geholl, fir net méi ze kandidéieren. Ech gi elo net méi weider op Froen an esou eng Richtung an.
Dono dierft dann d'Nora Back d'Gewerkschaft leeden, falls si déi néideg Zoustëmmung um Kongress kritt.
Op der Pressekonferenz nom Nationalcomité sot d'Nora Back, dass si zu Verfügung géif stoen, mä natierlech wier et um Kongress, dat ze decidéieren:
Ech stelle mech där Funktioun natierlech zur Verfügung. Et war jo scho virun de Walen esou ausgemaach, just net, dass et esou séier geet. Wat d'CSL ugeet, do ass et och esou, dass dat gewielt gëtt an der Plenière. Ech sinn houfreg op dat Resultat a stinn och derzou a waërt dann och do, wa gewollt, déi Responsabilitéit assuméieren.
An Nationalcomité goufen d'Sozialwalen iwwerdeems am Detail analyséiert.
Den OGBL hätt seng Erwaardungen dobäi kloer erreecht, voire iwwertraff.
Och wann een 3 Sëtz an der CSL verluer hätt, hätt een awer weiderhin déi absolut Majoritéit. Et wier ee sech am Virfeld scho bewosst gewiescht, dass et ganz enk géif ginn, fir verschidde Reschtsëtz vun 2013 nach emol ze verdeedegen.