
„Wann et am politesche Liewen nach iergendeppes gëtt, wéi gesonde Mënscheverstand a Rationalitéit, da misst dat nach ëmmer méiglech sinn, zu wäissem Damp ze kommen, also zu engem Accord“ dat sot de Jean Asselborn e Méindeg de Moien no der aussepolitesch Chamberkommissioun, wou de Minister de Point iwwer d’Brexit-Negociatioune gemaach huet.
E Milliarde-schwéieren Handel tëscht der EU a Groussbritannien hänkt nach ëmmer an der Schwief wéinst engem, am Verglach mat deem, wat um Spill steet, éischter manner wichtegen Domaine. De CSV-Deputéierte Claude Wiseler a Vizepresident vun der aussepolitescher Chamberkommissioun erkläert:
„Et schéngt esou, dass den haaptsächleche Point d’achoppement, dat heescht, wou d’Negociatioune wierklech net weider kommen, d’Fëscherei nach bleift. An dass do wierklech drop blockéiert gëtt, souwuel vun englescher Säit, wéi och vun europäescher Säit. Ech versti jo och, dass u sech fir déi Leit, déi concernéiert sinn, den Asaz, respektiv d’Problemer ganz grouss sinn. Nach ass a mengen An d’Fëscherei elo ee vun e puer Problemer. Wann een elo kuckt, wat d’Wichtegkeet vun deem hei Accord ass, hoffen ech, dass mer hei nach op deem Punkt weiderkommen.“
Den Ausseminister Jean Asselborn erkläert am Detail mat Zuelen ëm wat et geet:
„Mir als Europäesch Unioun fësche fir 650 Milliounen Euro d’Joer an de brittesche Gewässer. An d’Britte fësche bei eis an den EU-Gewässer fir 150 Milliounen. Et ass also eng Differenz do. Elo proposéiert d’EU, fir 20 Prozent manner ze fëschen, d’Britte wëllen awer, dass dat eng Reduktioun soll si vu 60 Prozent. Do si mer also immens wäit ewech. Mä et sinn net just Zuelen. 650 Milliounen, dat schéngt vill ze sinn, mä dat ass Peanuts géint déi honnerte Milliarden, déi dat Ganzt ausmaachen an dofir ass et méi eppes Emotionales. Ech hoffen awer, dass do och an der Europäescher Unioun net bis dat lescht Blutt do fuerderen.“
Ass et iwwerhaapt nach technesch méiglech, den Accord duerch d’Parlament ze kréien? De Claude Wiseler:
„Ech mengen, dat gëtt elo de grousse Problem. Ech mengen, et si jo schonn eng ganz Rei Delaien, déi ofgelaf sinn. D’Europaparlament hat dëse Weekend den 20. als Delai gesat, net well se wollten Delaie setzen, mä ganz einfach, well se och mussen eng ganz Prozedur intern maachen, fir et ze stëmmen. Et war virgesinn, fir et dann den 28. kënnen ze stëmmen. Alles dat gëtt elo extrem komplizéiert, fir et ze maachen, an ech hoffen, dass do nach eng Léisung fonnt gëtt.“
De Lëtzebuerger Ausseminister gleeft nach ëmmer un een Accord:
„A mengen An hunn d’Britten och alles gemaach, fir net den 20., also gëschter (Sonndeg), prett ze sinn, wéi d’Europaparlament dat gefrot huet. Dat gehéiert zu hirer Strategie. Dir gesitt och, dass de McAllister (David n.d.l.r.), dat ass de President am Europaparlament fir d’aussepolitesch Froen, gesot huet: „Mir fuere weider mat den Negociatiounen, och wat d’Europaparlament ugeet“. Och de Barnier sot, si géinge weiderfuere mat den Negociatiounen. D’Britte schwätze souguer elo schonn dovun, dass et och kéint no Chrëschtdag nach ëmmer weidergoen an eventuell och nach eng Chance gesinn, also mir mussen dat elo ofwaarden. Ech mengen nach ëmmer, dass et misst kënnen zu enger Conclusioun kommen.“
De Jean Asselborn huet dann och erkläert, dass et Méiglechkeete ginn, dass den Accord provisoresch och ouni d’Ratifikatioun vum Europaparlament kann a Kraaft trieden. Den Accord géing da spéiderhi gesicht ginn. Hoffentlech muss et awer net sou wäit kommen, erkläert den Ausseminister.