
De Centre hospitalier neuro-psychiatrique zu Ettelbréck kritt en neie General-Direkter.
Den Dr. Mark Ritzen soll an Zukunft d’Geschécker vum CHNP leeden. Hie war bis ewell de medezineschen Direkter a behält dee Posten och. Zanter 2013 ass hien och Supervisor op der Uni Lëtzebuerg am Kader vun de Master-Etuden an der Psychotherapie.
De Verwaltungsrot vum CHNP huet déi Decisoun unanime getraff a wäert dem Santésminister d’Decisioun fir eng Approbatioun esou virleeën.