Virun allem eeler Leit si vum sougenannten Enkeltrick betraff.
D’Täter gi sech dacks als Familljemember aus, deen an enger finanzieller Noutlag ass. Mat deem Trick goufen hei am Land eng ganz Rëtsch Suen ergaunert.
17 Affäre si vun der Justiz traitéiert ginn oder sinn aktuell nach viru Geriicht. Iwwer 600.000 Euro Schued hunn d'Täter eleng u Boergeld hei zu Lëtzebuerg ergaunert. An dat virun allem an de Joren 2014 bis 2016.
Zanter enger ganzer Zäit ass et speziell ëm den Enkeltrick méi roueg ginn. Dat hänkt mat enger Razzia zesummen, déi Ugangs 2016 a Polen gemaach gouf. Hei gouf den Drahtzieher vun der Enkeltrickband festgeholl an un Däitschland ausgeliwwert, wou aktuell de Prozess leeft.
Dat heescht awer elo net, dass et déi Fall vu Bedruch net méi gëtt. Se hu sech just verlagert. A fir hei ëmmer um neiste Stand ze sinn, ginn et d’Senioresécherheetsberoder. Si këmmere sech dorëm, eeler Leit opzeklären an hinne Rotschléi ze ginn, wéi si sech kënne protegéieren.
Ëmmer méi eeler Leit sinn nämlech och am Internet ënnerwee. Do kann een nach vill méi séier Affer vun engem Bedruch ginn. Well d‘Internetkriminalitéit ass fir d’Täter eng vill méi sécher Saach. Se musse sech nämlech net ze erkenne ginn. Fir d’Senioresécherheetsberoder ass et wichteg, de Senioren am Ëmgang mat frieme Leit an neien Technologien eng kleng Hëllef ze ginn. Well d’Mentalitéit vun de Leit hätt sech an deene leschte Joerzéngte verännert.
D'Seniore géingen nach aus enger Generatioun kommen, wou ee manner skeptesch engem Frieme géigeniwwer war. An dat géing haut dacks dozou féieren, dass se géingen ausgenotzt ginn.
Dowéinst ass och eng Informatiounscampagne vun der Police zesumme mat de Sécherheetsberoder lancéiert ginn.
«Léif Boma, léiwe Bopa, Loosst iech net beducksen!», aviséiert virun allem Leit déi eleng Doheem wunnen oder manner direkte Kontakt mat der Famill oder Frënn hunn. Et huet sech nämlech erausgestallt, dass et dacks esou Seniore sinn op déi d’Täter et ofgesinn hunn. Mat der Campagne sollen d'Leit opgekläert ginn, wéi eng Tricken am meeschte vun deenen Onéierlechen agesat ginn, fir u Suen oder Bijouen ze kommen.
Trotzdeem ass et net einfach fir d'Police, dem Problem meeschter ze ginn. Well esoubal een ee System opdeckt an doriwwer informéiert, hunn d’Täter schonn een neie System, dee se benotzen.
RTL-NEWS: "Léif Boma, Léiwe Bopa" - Campagne géint Trickdéifstall, falsch Polizisten, Enkel-Trick.