Bréiwer mat verdächteger SubstanzDen Institut Luxembourgeois de Régulation gouf evakuéiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 12 Auer e Mëttwoch de Mëtteg waren 2 Bréiwer, déi eng verdächteg Substanz enthalen hunn, beim ILR agaangen.

Den Institut Luxembourgeois de Régulation an der Rue du Fossé gouf doropshin aus Sécherheetsgrënn vun der Police evakuéiert an d’Strooss gouf gespaart. Dräi Pesounen, déi Kontakt mat de Bréiwer haten, goufen op der Plaz vum CGDIS dekontaminéiert.

D’Substanz an de Bréiwer gouf saiséiert an et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet. Et gouf kee blesséiert.

D’Strooss war kuerz no 16 Auer nees fir den Trafic op.

Back to Top
CIM LOGO