Fir d’éischte Kéier sinn d’Staatsziler an der Verfassung festgehalen. Och wann dat net bedeite géif, dass d’Leit, dës akloe kéinten, wieren se dem Verfassungsrechtler Luc Heuschling no net wäertlos. Se géifen der Politik eng Richtung virginn a wann d’Politik net am Sënn vun dësen Ziler handele géif, wier elo fir d’éischte Kéier d’Méiglechkeet vun enger juristescher Handhab do. Allerdéngs misst sech nach weisen, wéi sech dat an der Praxis am Detail ausspillt. Et géifen nach eng Partie Froen opstoen.
Déi éischt grouss wichteg Ännerung wier dem Luc Heuschling no eng onscheinbar: Den Text wier däitlech besser geschriwwen. Dat wier e groussen Avantage am Verglach mat deem alen Text.
Déi zweet wichteg Ännerung wier d’Modernisatioun vun der Monarchie. De Fait, dass d’Verfassung elo virgesäit, dass de Grand-Duc kann ofgesat ginn, wann e seng Kompetenzen iwwerschreit wier eng radikal modern Ännerung. Dat nämmlecht gëllt fir d’Kompetenz, den nächste Grand-Duc ze refuséieren, wann d’Politik der Meenung ass, dass dësen net fäeg ass, den Ufuerderunge gerecht ze ginn.
Méi wäit goen, hätt ee kéinte bei den Elementer vun der direkter Demokratie. Et wier schued, dass de Referendum nëmmen eng consultativ Funktioun hätt. Et wier dem Luc Heuschling no enttäuschend, dass an der Verfassung net festgehale wier, dass d’Wuert vum Vollek verflichtend ass.
Eng Fro, déi d’Verfassung op léisst, ass dann déi, wat am Fall passéiert, wou d’Verfassung mat anere Grondrecht-Texter, wéi dem Vëlkerrecht a Konflikt steet.
Och wann d’Verfassungsreform op 4 Texter gespléckt gouf, hätt Lëtzebuerg dem Luc Heuschling no elo substantiell eng ganz nei Verfassung. Déi 4 Texter wiere jo zu engem Text fusionéiert ginn. Lëtzebuerg hätt elo eng nei Verfassung: D’Verfassung vum 17. Januar 2023.
Juristesch gesinn, wier iwwerdeems kee Referendum néideg gewiescht, fir dass déi nei Constitutioun a Kraaft triede kann, och wann déi 4 grouss Parteie sech eigentlech dozou engagéiert haten.
“Et ass en Dag, deen an d’Gesicht ageet. Lëtzebuerg kritt eng vun de modernste Constitutiounen an Europa”, sot de Chamberpresident Fernand Etgen op der Trap vun der Chamber e Samschdeg. Et wier da keng Revolutioun, kee Broch, mä eng Evolutioun, wëll jo 50 Prozent vum Text iwwerholl gi wieren, huet de President vun der Verfassungskommissioun, de Mars Di Bartolomeo, a sengem Discours ënnerstrach.
Nodeems d’Constitutioun iwwert d’Joren ëmmer nees ugepasst gi war, si lo d’Grondrechter vun de Bierger an de Fonctionnement vum Staat a sengen Institutioune komplett iwwerschafft ginn. Fir dat ze feieren, huet de Grand-Duc zesumme mam Chamberpresident eng Plaquette virum Parlament devoiléiert. Dono huet de Grand-Duc an der Chamber déi néi Constitutioun ënnerschriwwen.
Als neit Käersteck vun der Biergerbedeelegung gëllt, dass d’Wieler kënnen, ënner verschiddene Konditiounen, eng Gesetzespropos erareechen. “Wa se da vun 125 Wieler bis abruecht ass, a vun 12.500 Wieler breet gedroen ass, da gëtt se vun der Chamber behandelt wéi eng normal Proposition de loi”, betount de Mars Di Bartolomeo.
D’Akraafttriede vun der Constitutioun ass ee Moment, op deen den Dokter Eric Sassel scho gewaart huet. Him, a ville vu senge Beruffskolleegen no, missten d’Patienterechter gestäerkt ginn. Mat enger Gesetzespropos wëlle si dofir eng ganz Partie Ännerunge virschloen. “Et muss zum Beispill eng besser Kontroll vun der Kontroll kommen”, ënnersträicht den Eric Sassel. D’Doktere géinge gesinn, dass Patienten, och mat schwéiere Krankheeten oder souer, déi net visibel sinn, wéi mental Krankheeten, ëmmer nees net géingen als krank unerkannt ginn. Fir den Dialog tëscht dem Dokter an dem Spezialist ze fuerderen, géing sech doriwwer eraus och eng Schlichtungsstell ubidden.