Zënter engem décken hallwe Joer steet den Henri Reding un der Spëtzt vun ArcelorMittal zu Lëtzebuerg.
Op der Neijoerschreceptioun gouf et en Ausbléck op dat, wat mëttelfristeg beim Stolkonzern geplangt ass. Den Trend geet Richtung “manner belaaschte vum Klima”.
ArcelorMittal zu Lëtzebuerg, dat si knapp 3.400 Salariéen mat bal 70 verschiddenen Nationalitéiten, eng Produktioun vun zwou Milliounen Tonnen Réi-Stol pro Joer op de Sitte Belval, Déifferdeng a Rodange, iwwer 98% recycléiert Material an der Elektro-Produktioun vu Flësseg-Stol oder nach méi wéi 500 Milliounen Euro, déi vum Grupp pro Joer an d’Wirtschaft gespeist ginn.
De Site Lëtzebuerg, deen, esou heescht et, “stabil” do steet, soll konsequent de Wee beim Minimiséiere vun der Ëmweltbelaaschtung goen.
Bis 2030 wëll Arcelor den CO2-Ausstouss an Europa ëm op d’mannst 30% erofgesat hunn. Weltwäit ass et d’Zil, bis 2050 CO2-fräi ze produzéieren. Heiheem ginn d’Sitten Déifferdeng a Belval an déi Richtung moderniséiert.
Et gleeft een un d’Zukunft vum Stol aus ëmweltschounender Produktioun, esou den Henri Reding: “Eis Wandmille gi mat Stol gebaut, déi nei Gebaier déi méi ëmweltfrëndlech sinn, ginn och oft mat Stol gebaut...eist Gebai um Kierchbierg soll ee Gebai sinn dat esou soll gebaut ginn dass et muer erëm kann ofgebaut ginn. Da ginn déi Stol-Elementer déi fir dat Gebai benotzt ginn, nees benotzt fir en anert Gebai...dat ass eppes wat besser ass wéi Recyclage, also Re-Utilisatioun. Dat ass am Fong elo schonn d’Weiche gestallt fir an Zukunft Gaspillage ze vermeiden.”
D’Demande ass weltwäit op héijem Niveau, et ass awer nach laang net alles roseg am Secteur. Wéinst héijen Energiepräisser, C02-Taxen an och soss Produktiounskäschte riskéiert Europa, net méi kompetitiv ze sinn an d’Industrie ze verléieren.
Do hofft een op méi politesch Ënnerstëtzung, fir den Import vu Stolproduite méi ze taxéieren an dem Export vun europäeschem Stol de Réck ze stäipen.
Bei der Produktioun setzt ee wéi gesot op proppere Stol via Elektro-Schmelzen. Fir u genuch CO2-fräie Stroum ze kommen, ass bei ArcelorMittal d’Atomenergie bis op Weideres keen Tabu.