Um Samschdeg gouf an deem Kontext den Tunnel, duerch deen den Tram spéider fuere wäert, bei der Sortie Findel/Sennengerbierg a seng definitiv Positioun bruecht. Dës Aarbechte sinn zanter dem fréien Nomëtte fäerdeg. Elo stinn d’Aarbechten um Pôle d’Echange “Héihenhaff” um Plang.

Wéi et aus dem Communiqué vum Mobilitéitsministère heescht, hätt den Tramstunnel eng Längt vu 45 Meter, eng Breet vu knapp 10 Meter a géing ronn 2.300 Tonne weien.