
Dobäi handelt et sech ëm de sougenannten USB-C-Kabel. Nei Handyen, Tabletten, Kameraen oder Kopfhörer zum Beispill dierfen da just nach deen Uschloss hunn. Den universellen Uschloss muss dann um Apparat abegraff sinn, wann een esou e Gerät keeft, net awer de Kabel. Op der Verpackung vun den Apparater muss da kloer markéiert sinn, ob e Kabel dobäi ass oder net.
An der Wirtschafts-Kommissioun vun der Chamber gouf en Donneschdeg d’DP-Deputéiert Carole Hartmann als Rapportrice vum projet de loi, deen déi Direktiv an nationaalt Recht soll ëmsetzen, designéiert.