Rebellioun mat WaffenDéngschtwon gouf bei Asaz beschiedegt

RTL Lëtzebuerg
Géint Mëtternuecht huet en Awunner zu Käerjeng e verdächtegen Auto gemellt, an deem e puer Leit souzen a mat de Luuchten aus duerch eng Cité gefuer ass.
© RTL Archiv

Wéi d’Police d’Plackennummer kontrolléiert huet, koum eraus, dass de Won als geklaut gemellt gouf. Nodeems eng Partie Unitéiten sech doropshin op der Wee gemaach hunn, konnt de gemellten Auto séier fonnt ginn. Beim Versuch de Won ze stoppen, hunn déi Verdächteg de Policeauto säitlech gerammt a sinn dono zu Fouss geflücht. Weider Patrullen, eng Hondsstaffel an den Helikopter goufe gefuerdert.

Eng flüchteg Persoun konnt op der Kräizung tëscht der Rue Théophile Aubart an der Rue Jules Hemmer gestoppt ginn. Eng weider Persoun konnt kuerz drop mat Hëllef vum Helikopter gestoppt ginn.

De Parquet gouf informéiert, e Protokoll wéinst Rebellioun gouf erstallt.

Back to Top
CIM LOGO