"Awareness Season"D'Enn vum Liewe virbereede mat enger Vertrauenspersoun, sou Omega90

Claudia Kollwelter
Mat Allerhellegen an Allerséilen si mer erëm an enger Zäit, an där sech méi de verstuerwene Familljememberen a Frënn gewidmet gëtt.
"Awareness Season" Omega90
Mat Allerhellegen an Allerséilen si mer erëm an enger Zäit, an där sech méi de verstuerwene Familljememberen a Frënn gewidmet gëtt.

Omega90 Awarness Season / Reportage Claudia Kollwelter

Omega90 huet an deem Kontext decidéiert, eng sougenannten “Awareness Season” z’organiséieren, mat ënnerschiddlechen Projeten oder Aktivitéiten, fir sech net just punktuell mam Thema Doud an eiser Gesellschaft ze beschäftegen.

Stierwen, Doud an Trauer an d’Liewe vun eiser moderner Gesellschaft erabréngen, wier net evident, seet d’Nicole Weis-Liefgen vun Omega90.

Dobäi wier de Message vun der Associatioun e kloren: “Komm mer maachen eis Gedanken, wat mer gär um Enn vum Liewen hätten, wat eis wichteg ass a wat mer net wëllen.”An den Ae vum Omega90 ass et dofir wichteg, datt jiddereen eng Vertrauenspersoun huet: “Dat ass jiddereen vun 18 Joer un, dee soll eng Persoun a sengem noen Ëmfeld hunn, mat där en driwwer schwätzt, wat ëm wichteg ass, wat e gär hätt a wat déi Persoun soe sollt, de Fall ginn, et kéint ee selwer net méi schwätzen.”

Op engem Formulaire kann dat mat der Vertrauenspersoun ausgefëllt ginn an eng kleng Käertche soll dann och jiddereen a sengem Portmonni hunn. Donieft sinn awer och Aktivitéiten déi nächst Méint geplangt - e Spillowend am Dezember, bei deem e Gesellschaftsspill vun Omega90 getest ka ginn, bei deem d’Leit sollen ausdrécken, wat hinne wichteg ass am Liewen. Am Januar ass dann en Theaterstéck geplangt vun der Lëtzebuerger Regisseurin Renelde Pierrlot.

Den Fabian Weiser vun Omega90: “Do geet et drëms ze weisen, datt all Gesellschaft seng Ritualer huet, wann et em Stierwen an Trauer geet. Do gëtt Musek, Mouvementer a Wieder matenee verbonnen vun der Regisseurin, fir de Leit déi Sujeten méi no ze bréngen.”

Donieft sinn och Filmowenter geplangt. Weider Detailer zu der Awareness Season fannt der ënnert www.omega90.lu

Back to Top
CIM LOGO