
Den Owend vum 8. Oktober waren d’Chamberwale gelaf: mam Luc Frieden gouf séier e Formateur genannt an d’CSV an d’DP hu genee sou séier decidéiert, Koalitiounsverhandlungen ze féieren. D’Koalitiounsverhandlunge sinn an enger Rekordzäit vun nëmme fënnef Wochen op en Enn bruecht ginn.
Zéng Mol waren d’schwaarz-blo Verhandlungsdelegatiounen am Sennenger Schlass beienee komm. Et goufen Dosende vu Reunioune vun den themateschen Aarbechtsgruppen, déi un de konkrete Mesurë geschafft hunn, wéi d’Kafkraaft an d’wirtschaftlech Kompetitivitéit solle gestäerkt an d’Natur soll protegéiert ginn.
Deen Accord kritt de Grand-Duc e Mëttwoch am Nomëtteg vum Formateur an de grousse Linne presentéiert.
E Mëttwoch den Owend ass et dann och d’Enn vun alle Rumeuren a Spekulatiounen: virun de Parteigremie gi simultan vun de Verhandlungscheffe Bettel a Wiseler d’Eckpunkte vum Koalitiounsaccord presentéiert, ier dann noeneen iwwert dee Pak u Mesuren an dann och d’Minister-Portefeuillen ofgestëmmt gëtt. D’Primeur fir gewuer ze ginn, wéi eng Partei wéi eng Ressorte kritt, a wien op engem Ministerstull dierf Plaz huelen, ass deemno fir d’iewescht Parteigremien. Bei der DP kënnt de Comité Directeur am Garer Quartier beieneen, iwwerdeems bei der CSV de Nationalrot an duerno en ausseruerdentleche Kongress am Konvikt zesummekënnt.
E Méindeg an der Mëttesstonn wäerten och déi Deputéiert den Accord kréien, sot den aktuelle Chamberpresident Michel Wolter. Domat hu si dräi Deeg Zäit, fir dësen duerchzekucken. E Mëttwoch ass dann d’Presentatioun an der Chamber. En Donneschdeg ass den Debat an d’Presentatioun fir d’Press, nodeems deen décke Moossname-Pak vun der CSV an der DP signéiert gouf, an ee sech domat en Aarbechtsinstrument fir déi nächst fënnef Joer gëtt.