Gesetzesprojet neit AgrargesetzDer gréisster Oppositiounspartei feelt et un Dialog mam Agrarsecteur

RTL Lëtzebuerg
De Gesetzesprojet fir dat neit Agrargesetz huet am Secteur scho fir vill Opreegung gesuergt, well ë.a. de Véibestand pro Betrib soll limitéiert ginn.
© Didier Weber (RTL)

E Freideg huet mat der CSV déi gréissten Oppositiounspartei op de Projet reagéiert.

CSV iwwert de Gesetzesprojet fir dat neit Agrargesetz

D’Regierung hätt sech d’Liewen einfach gemaach - d’Limitt vun 150 Béischte pro Betrib respektiv 5 theoretesch Aarbechtskräfte géing näischt doriwwer aussoen, ob e Betrib klimafrëndlech schafft oder net, fënnt d’CSV. Et géif un Dialog mam Secteur feelen.

D’Martine Hansen Co-Fraktiounspresidentin vun der CSV erkläert. “Da muss de Landwirtschaftsministère sech d’Moyene ginn, fir bei den eenzele Betriber ze kucken, schafft deen elo ëmweltfrëndlech, an da soll dee sech kënne weiderentwéckelen. Wann een net ëmweltfrëndlech schafft, da muss ee kucken, wéi een deem kann hëllefen. Mä dat do ass déi einfach Léisung, dat ass wéi wann een eng Klasseretenue géif ginn.”

Fir d’Bauere wier et ënnert den aktuelle Konditiounen net méi méiglech, rentabel ze schaffen: “Mir hu keng Planungssécherheet. Wann ech en neie Stall bauen, da sinn ech séier bei enger Millioun. Da ginn ech op d’Bank fir e Prêt op 20 Joer an an där Zäit ännert dräi Mol d’Agrargesetz. Der Bank ass dat awer egal, ech muss awer mäi Prêt zeréckbezuelen”, erkläert de Ronny Goedert, dee selwer e Betrib mat 200 Mëllechkéi huet.

E Betrib ganz ouni Béischten, dat schéngt weder fir d’Oppositiounspartei nach fir déi Concernéiert eng viabel Léisung. Fir d’Co-Fraktiounspresidentin Martine Hansen geet Klimaschutz zu Lëtzebuerg nëmmen iwwert Véi- a Mëllechbaueren. “Et kann een op deem Gréngland, dat mer hei zu Lëtzebuerg hunn, net einfach Geméis ubauen, well dat wier eng Katastroph fir den Ëmweltschutz. D’Gréngland bënnt jo CO2 a wann een dat géing ëmbriechen, da géif jo deen CO2 fräigesat ginn.”

Amplaz proposéiert d’Oppositiounspartei dowéinst, d’Béischtenzuel pro Hektar ze kucken, d’Fudder-Autarkie als Krittär mat anzebezéien a cibléiert Kontrollen a punkto Klimaschutz bei de Betriber ze maachen.

PDF: Schreiwes CSV

Back to Top
CIM LOGO