Joresréckbléck vun der Chambre de CommerceDer Wirtschaft feelt et un der néideger Dynamik

Céline Eischen
Tim Morizet
Covid, Stroftaxen, eng ugespaante geopolitesch Lag: Et sinn onprevisibel Zäiten an dat kréichen och eis Betriber ze spieren, esou d'Chambre de Commerce.
Joresréckbléck vun der Chambre de Commerce
Covid, Stroftaxen, eng ugespaante geopolitesch Lag: Et sinn onprevisibel Zäiten an dat kréichen och eis Betriber ze spieren, esou d’Chambre de Commerce.

D’Chambre de Commerce huet en Dënschdeg op hirer traditioneller Pressekonferenz um Enn vum Joer op 2025 zréckgekuckt. D’Betriber am Grand-Duché di sech schwéier, sech op déi wirtschaftlech Reprise ze verloossen. Dëst Vertraue misst reparéiert ginn, ma dofir bräicht et méi Mesuren, mat méi konkrete Resultater.

D’Stëmmung an de Wirtschaftskreesser ass gedréckt. Et feelt de Betriber un der néideger Stabilitéit fir ze investéieren an Aarbechtsplazen ze schafen. 2020 hunn nach 90 Prozent vun den Entreprisë mat Zouversiicht op déi wirtschaftlech Zukunft gebléckt. Elo, fënnef Joer méi spéit, sinn et just nach 67 Prozent. Fir de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen wier et wichteg, dëst Vertrauen nees opzebauen. De generéise Lëtzebuerger Sozialsystem kéint just finanzéiert ginn, wann de néidege Wuelstand an der Wirtschaft fir d’éischt erschafft gëtt, esou de Carlo Thelen.

“Dat geet alles just an engem Ëmfeld, wou ee ka sérènement schaffen, ouni ze vill Contrainten, wou et net ze vill Prozedure ginn, wou d’ Präisser och net ze héich sinn, well d’Coûts de production zu Lëtzebuerg sinn och ganz héich, si sinn och ëmmer nach an d’ Luucht gaangen. Virun allem och d’Coûts salariaux si ganz staark geklommen iwwert déi lescht Joren. Mir hunn nach ëmmer den Index, mir hunn och elo d’Côtisations sociales, déi an d’ Luucht gaange sinn, déi riskéieren och nach an d Zukunft an d’Luucht ze goen an dat féiert natierlech dozou, datt d’Betriber net wëssen, wéi mat hirer Rentabilitéit steet: Hu se nach eng Marge, wann se produzéieren? Dat ass jo dat Allerwichtegst, well si brauchen eng Marge, si musse Sue verdéngen.”

Chambre de Commerce / Rep. Céline Eischen

Déi schwaarz-blo Regierung wier virun zwee Joer ugetrueden, fir e bessere Pro-Business Kader ze schafen. Dem Carlo Thelen no bräicht et awer dofir nach méi konsequent an ambitiéis Mesuren, besonnesch fir der Produktivitéit ënnert d’Äerm ze gräifen, esou de Carlo Thelen:

Et gëtt immens vill gemaach, mee et geet net séier genuch. Mir mussen an der Digitalisatioun vill méi schnell virukommen, och am AI, fir eis Produktivitéit erëm an d’Luucht ze setzen. Mir hunn zënter zéng Joer kee Produktivitéitszouwuess méi. Do muss een och vläicht méi an der Recherche an an der Innovatioun maachen, och an der Formatioun, ganz kloer. An der ganzer Simplification administrative gëtt ganz vill gemaach, mee dat geet einfach net schnell genuch.”

Och am Bau an am Logement wiere Mesure geholl ginn, déi awer net séier genuch géife gräifen. D’Contraintë fir d’Betriber wieren ze héich, de Standuert Lëtzebuerg géif riskéieren un Attraktivitéit ze verléieren. Déi klammend Lounkäschte sinn dem Carlo Thelen een Dar am An:

“An da muss een natierlech kucken zu Lëtzebuerg, datt een an deem dote Kontext näischt mécht, wat géing nach géint d’Kompetitivitéit agéieren. A wann een do vum Mindestloun schwätzt, wou mer wëssen, datt dee schonn ee vun den héchsten ass an Europa, dee jo och reegelméisseg adaptéiert gëtt. Do wier et elo e komplett falsche Message, fir mat all deene Contrainten, déi et scho fir d’Betriber ginn, wann een do nach géing elo de Mindestloun massiv erhéijen.”

Der Wirtschaftsaktivitéit am Grand-Duché géif et un der néideger Dynamik feelen, ma et géifen och positiv Entwécklunge ginn op déi ee kéint bauen. Betriber an de Secteure vun der IT an der kënschtlecher Intelligenz hätten zum Beispill ee gudde Kader hei am Land geschaaft kritt.

Mat dëse Secteure kéint sech Lëtzebuerg och am Ausland weisen: D’Wirtschaftsmissioune wieren dem Carlo Thelen no nach ëmmer wichteg fir Partner am Ausland ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO