Vun Esch bis op SlonskD'Erënnerunge waakreg halen, fir dass sech dat Ongeheierlecht net widderhëlt

Caroline Mart
Dat ass de Sënn vu Commemoratiounen an Anniversairen. Just kann een aus der Geschicht léieren? D'Caroline Mart op enger Spueresich.
D'Kloertext-Reportage vu Slonsk
Aus der Geschicht léiere kann ee just, wann ee se kennt. Wéi kann een d’Geschicht vum Zweete Weltkrich vermëttelen, wann et geschwë keng Zäitzeie méi ginn?

Doriwwer ass am Kloertext diskutéiert ginn an an engem Moment, wou gefaart gëtt, et kéint en neie Krich ginn an Europa, wou Rietsextremismus an Antisemitismus zouhuelen, wou Nazi-Parolen a Symboler ouni Schimmt nees am Internet oder och op Anti-Covid-Demonstratiounen zirkuléieren.

Fir aus der Geschicht léieren ze kënnen, muss ee se kennen. Zäitzeien, déi se direkt vermëttelen, gëtt et geschwënn keng méi, mä et gëtt och aner Méiglechkeeten, fir un Hand vun Eenzelschicksaler ze begräifen, wat geschitt ass.

D’Caroline Mart war vun Esch bis op Slonsk op Spueresich vun engem Monni, dee beim gréisste Massaker u Lëtzebuerger Refraktären ëmkomm ass .

Januar 2022 um Kierfecht zu Esch um Wee bei d’Famille-Graf vun den Ur-Grousselteren, Grousselteren an Elteren an zwee vun den eelste Bridder vu mengem Papp. Deen Éischtgebuerenen ass als Puppelchen aus der Kutsch, deen zweeten de Nazien zum Affer gefall, vum Fernand bléift an der Heemecht just de Numm an dass hien ebe fir dës Heemecht gestuerwen ass: Mort pour la Patrie, 1945, ermuert wäit ewech, wéi de Krich doheem schonn eriwwer war.

Lo sinn se a menger Famill, déi deemools op der Adolphe Emile Plaz, haut heescht se Stalingrad Plaz, gewunnt huet all dout, déi de Krich nach erlieft hunn an de Fernand kannt hunn. An och soss gëtt et geschwënn gëtt néierens méi Zäitzeien, déi ziele kënne wéi et war, wat se erlieft an erlidden hunn, wa se da gezielt hunn... Dacks hunn se Joerzéngten dofir gebraucht, a wéi a sou villen anere Famillen ass och bei ons net vill iwwert déi schrecklech Zäit geschwat ginn. D’Wonne ware sou déif, wéi de Wonsch grouss a Normalitéit a Fräiheet ze liewen...

Fir meng Boma hat déi Normalitéit awer schonn 1938 opgehalen, wéi si hire Mann verluer a sech huet missen eleng mat 4 Bouwen derduerch schloen, e Fotograf war Luxus a Biller vun de Bridder gëtt et zwar jett als Kanner, Fotoe vum Fernand als Jonke Mann sinn op mannst awer keng méi ze fannen, sou wéi och hie verschwonne blouf , seng Mamm huet weider gelieft mat Absence Angscht an Ongewëssheet .. nach 74 um Stierwe s Bett sot si : wann de Ferni rëm kënnt gitt him säin Deel a bis zum Schluss op e Wonner gehofft och wann se 47 dunn awer eng Doudesannonce opginn huet wëll ausser hir scho kee méi dru gegleeft huet.

Wat och ëmmer vu mengem Monni iwwereg ass hunn ech bis a Pole siche goen a läit wuel hei op dësem verluerene Kierfecht zu Slonsk, sécher dass och hei säin Numm op engem Stee gravéiert ass, zesumme mat deene vun 89 anere Lëtzebuerger Refraktären, komescherweis feelt just bei him den Alter en ass der just 20 ginn.

D’Blumme weisen, dass et och hei am Januar Commemoratioun ginn an erënnert gëtt un dat, wat wor, wéi Slonsk nach Sonnenburg geheescht huet an Deel vum Reich war .

D’Lëtzebuerger hunn en extra Monument fir de gréisste Massaker, deen et un onse Jonge (wéi se och haut nach genannt ginn) gouf: 90 19 bis 25 Järeger, déi an enger Nuecht vun engem SS-Sonderkommando liquidéiert goufen.

Fir iwwerhaapt bis den 30. Januar ’45 z’ iwwerliewen, hu se missen zéi sinn. Gebaut schonn am 19. Joerhonnert als Zuchthaus, haten d’Nazien ’33 e KZ draus gemaach an an de 40er-Joer dunn nees e Prisong fir déi politesch Gefaangen, dorënner vill déi an der sougenannter “Nacht und Nebelaktioun” geraf goufen. Jidderee mat senger eegener leedvoller Geschicht

Mäi Monni ass am Februar ’43 zwangsrekrutéiert ginn, war Grenadier an der 1. Marsch-Compagnie zu Naumburg un der Saale konnt am Mäerz fort an huet sech doheem verstoppt. E gouf, wuel vun engem Escher, verroden a verhaft, no 7 Wochen am Gronn du wéinst desertéieren zu 8 Joer Prisong verurteelt an de Fort Papolzheim op Metz duerno an d’Moorlager, Virstuf zur Häll fir d’ Endstatioun Sonnenburg. Iwwerfëllt, schimmeleg, fiicht, mä trotz Folter, Honger a batterer Keelt, d’Hoffnung aus der Häll befreit ze ginn. Enn Januar hu se d’Schëss schonn héieren a geduecht, et ass sou wäit, mä, dat eenzegt wat Russen zwee Deeg drop nach opfonnt a gefilmt hunn, war e Bierg vun iwwer 800 Läichen. Haut gehéiert d’ Mauer virun där se an 10er-Reie per Genéckschoss liquidéiert goufen enger Holz Fabréck. Ironescher Weis ass direkt hannert dem pickegen Drot e neie Prisong.

De Musée zu Slonsk versicht ze vermëttelen, wat war, mä wie ka scho wëssen, wéi et sech ugefillt huet, a vollem Bewosstsinn ze stierwen, ausgeliwwert virun dëser Mauer ze stoen, a wie wëll scho wëssen, wéi déi 20 Mann vum SS Sonderkommando deen Owend ukoumen, sech nach mat Iesse gestäerkt hunn, fir dunn iwwer 4 Stonne laang dat ongeheierlecht Bluttbad unzeriichten an der Iwwerzeegung, hir Flicht ze maachen.

“Die Gedächtnislosen. Erinnerungen einer Europäerin” esou heescht dann och e Buch, dat déi däitsch-franséisch Journalistin Géraldine Schwarz virun e puer Joer eraus bruecht huet, an deem si sech mat der Erënnerungsaarbecht ausernee sëtzt. Hei de kompletten Interview mam Géraldine Schwarz.

Hei geet et bei de Kloertext zu dësem Thema!

Back to Top
CIM LOGO