En Donneschdeg goung et am "Kloertext" ëm d'Erënnerungskultur ronderëm den Zweete Weltkrich an de wichtege Rôle vun Historiker an deem Kontext.

Wéi kann ee Geschicht vermëttelen, wa keng Zäitzeien aus dem zweete Weltkrich méi do sinn? Wei kann ee verhënneren, datt Nazi-Symboler a Parolen banaliséiert ginn a wat kann een dogéint maachen, datt Antisemitismus a Rassismus erëm zouhuelen.

Ënnert anerem ëm dës Froen goung et an der Diskussiounsronn.

Am Studio waren dräi Historiker, déi explizéiert hunn, datt d'Leit nach laang nom zweete Weltkrich net verstan hunn, oder och net wollte verstoen, datt et eng spezifesch Verfolgung vun der jiddescher Populatioun gouf, op Grond vu rassistesche Critère vun den Nationalsozialisten.

"D'Fro vun der Juddeverfolgung am zweete Weltkrich ass eréischt ganz spéit richteg behandelt ginn", seet zum Beispill d'Renée Wagener. Si fuerscht ënnert anerem iwwer Fraerechter an Antisemitismus.

Fir si huet d'Banaliséierung vun antisemitteschen Aussoen eppes domadder ze dinn, datt eng gewëssen Diskurshoheit verluer gaangen ass.

"Fréier huet een net dierften déi dote Saache soen, an de Famillen gouf dat awer gesot oder tëschent e puer Leit, awer net an der Ëffentlechkeet.

Dat ass dat wat gekippt ass. Déi Diskurshoheit ass net méi do. Et ass elo "erlaabt" op Facebook esou Saachen ze soen. Ech hunn d'Gefill, dat stécht déif an de Leit dran et kënnt vu wäit hier."

Fir de Pit Peporte, deen zu Erënnerungsuerter a kollektiv Memoire gefuerscht huet, weist dat op eng gewëssen Hartnäckegkeet vun der Memoire hinn, wéi hie sot.

"Et ass keng positive Memoire, et ass keng déi mer ënnerstëtzen, mä et weist awer och wéi Saachen weider tradéiert ginn, intergenerationell weider gedroe ginn."

Eng besser Informatioun an de Schoulen ass fir d'Renée Wagener eng vun den Äntwerten, si bedauert awer och, datt et keen Observatoire an deem Beräich zu Lëtzebuerg gëtt.

"Fir iwwerhaapt emol sech bewosst ze ginn, wéi e Problem, datt mer hei hunn, wéi staark déi Stereotyppen verbreet sinn, wou se agesat ginn.

Mir hunn zwar eng Initiative vu Privatleit, déi dat zënter e puer Joer sammelen, wat zum Beispill op Facebook opdaucht, mä de Staat huet sech net d'Mëttel ginn, fir esou en Observatoire ze schafen. De Centre pour l'égalité huet d'Moyenen och net fir zum Beispill Plainten unzehuelen. Dat heescht, deen Arsenal ass net do. Ech denken dat wier och nach e wichtege Punkt. "

Fir de Vincent Artuso, den Auteur vum Rapport "Question juuive au Luxembourg" geet d'Erënnerung un déi däischterst Kapitelen an eiser Geschicht net duer.

"Mir sinn an der paradoxer Situatioun, datt ee vun de wichtegste Kandidaten vun der extreme Droite a Frankräich e Judd aus Nordafrika ass. Dat heescht just behaapten, et muss ee sech erënneren an abergläubesch e Geschichtsbuch an d'Luucht halen a soen "Erënnert Iech, well soss kommen erëm Katastrophen ass net genuch. Geschichtswëssen an Erënnerung ass keng Impfung géint historesch Tragedie."

Hei de kompletten Interview mam Géraldine Schwarz

De kompletten Interview mam Géraldine Schwarz
"Die Gedächtnislosen. Erinnerungen einer Europäerin" esou heescht d'Buch vun der Journalistin, an deem si sech mat der Geschicht vun hirer Famill befaasst.

Eis Invitéen:

Renée Wagener
Historikerin
Fuerscht ënnert anerem iwwer Fraerechter an Antisemitismus
Huet och déi eege Familljegeschicht am Krich beliicht

Vincent Artuso
Historiker
Hat seng Thees iwwert d'Kollaboratioun
Auteur vum Rapport "Question juive au Luxembourg"

Pit Péporté
Historiker
Zu Erënnerungsuerter a kollektiv Memoire gefuerscht
Huet eng Broschür iwwert de Krich fir Schoule gemaach

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)