Anti-Steierflucht-DirektivD'EU-Kommissioun klot Lëtzebuerg beim Europäesche Geriichtshaff un

RTL Lëtzebuerg
D'Europäesch Kommissioun huet Lëtzebuerg virum Europäesche Geriichtshaff ugeklot, dat well de Grand-Duché d'Anti-Steierflucht-Direktiv net géif ëmsetzen.
© Domingos Oliveira

Dat gouf der Deeg zu Bréissel annoncéiert. Konkret geet et ëm déi sougenannt ATAD1-Direktiv.

An dëser sinn Derogatioune virgesinn, wat d’Steierlaascht fir Finanz-Entreprisen ugeet. Lëtzebuerg mécht op deem Punkt fir Kommissioun eng ze large Interpretatioun, well dës Derogatiounen och fir Titrisatiouns-Entitéiten accordéiert ginn, déi der Direktiv no net als Finanz-Entreprise consideréiert ginn.

Schonn 2020 war Lëtzebuerg via mise en demeure vu Bréissel op dëse Problem opmierksam gemaach ginn.
D’Äntwerte vum Grand-Duché ware fir d’Kommissioun net zefriddestellend an dofir gouf elo decidéiert, de Geriichtshaff mam Dossier ze befaassen.

Back to Top
CIM LOGO