
"D’Deutsche Bank wëll zu Lëtzebuerg wuessen, souwuel an der internationaler Verméigensverwaltung, wéi am Beräich Prêten un d’Entreprisen". Dat sot de President vun Deutsche Bank Lëtzebuerg, de Frank Krings um Dënschdeg bei der Presentatioun vun de Joreszuelen.
D’Geschäfter lafen – eegenen Aussoe no – gutt mat engem Netto-Benefice vun 133 Milliounen Euro d’lescht Joer. Dat ass zwar manner wéi d’Joer virdrun, mä dat wier dorobber zeréckzeféieren, datt 2017 eng aussergewéinlech Operatioun gemaach gouf.
Un de Grupp konnten d’lescht Joer souguer 621 Milliounen Euro ausgedeelt ginn, Geld dat déi lescht Joren erwirtschaft gi wieren.