Op de Stonneloun gekucktD'Frae verdéngen zu Lëtzebuerg ganz e bësse méi ewéi d'Männer

RTL Lëtzebuerg
Dat deelt de Statec en Donneschdeg virum Weltfraendag mat, ma et muss ee relativéieren.

2022 louch d’Differenz an der Pai effektiv bei 0,7 Prozent zu Gonschte vun de Fraen, wann een de Stonneloun kuckt.

Op d’Joer gekuckt verdéngen d’Männer nach ëmmer méi, well e klenge Pourcentage vu Männer ganz héich Salairen a Bonussen kritt. Frae schaffen iwwerdeems méi dacks Deelzäit.

Lëtzebuerg ass awer den eenzegen EU-Memberstaat, an deem d’Fraen an der Moyenne e liicht bessere Stonneloun hunn.

LINK: Detailer vum Statec

Back to Top
CIM LOGO