Konferenz "Woop"D'Fräiheet am numereschen Zäitalter ass net garantéiert

Pierre Jans
Eent vun den Themaen op der Première vun der Konferenz en Donneschdeg de Mëtteg war d'Fräiheet vum Individuum am numereschen Zäitalter.
D'Fräiheet am numereschen Zäitalter ass net garantéiert
Eent vun den Themaen op der Première vun der Konferenz "Woop" en Donneschdeg de Mëtteg war d'Fräiheet vum Individuum am numereschen Zäitalter.

Déi eenzeg Méiglechkeet vir d'Zukunft virauszegesinn, ass se selwer ze gestalten. Aus där Iwwerzeegung eraus ass d'Konferenz ''Woop'' entstanen, déi en Donneschdeg an der Maison du Savoir um Belval hir Première gefeiert huet. Eent vun den Themaen en Donneschdeg de Mëtteg war d'Fräiheet vum Individuum am numereschen Zäitalter. An déi ass wär net garantéiert, seet op mannst den Evgeny Morozov. RTL huet mam wäissrussesche Schrëftsteller iwwert déi donkel Säit vum Internet geschwat.

Den Evgeny Morozov polariséiert mat senger Meenung. Hien kritiséiert Internet. Awer net d'Technologie u sech, mä dat wat déi grouss Acteure wéi Google a Facebook domat maachen.

''Et ass net well si eist Gehir wëlle kidnappen, et ass just well hir Wirtschaftsmodeller se verflichten, esou vill wéi méiglech Donnéeë vun eis ze sammelen. Déi si fir d'Publicitéiten an d'kënschtlech Intelligenz brauchen. Dofir maachen si eis ofhängeg. Si maachen, dass mir op Updatë klicken a wësse wëlle wat op de Reseaue geschitt. Mä nach eng Kéier: et ass net d'Schold vun der Technologie.''

En anere Modell fir sozial Plattforme wär duerchaus denkbar. Et misst een se just vum Drock, Publicitéite weisen ze mussen, entlaaschten. D'Politik wär hei gefrot. Virun allem an der Europäescher Unioun.

''Als Regierung hunn ech d'Kontroll iwwert Donnéeë vun de Bierger. Si ka Google oder Amazon richteg Sue froe fir Accès op d'Donnéeën ze kréien. Ma eng kleng lokal Start-Up oder eng ONG kënnen eng vill méi niddreg Rechnung kréien.''

Just esou kéint d'EU de risege Retard op d'USA a China ophuelen, seet den Auteur. Mam haitegen Internet krut och de Journalismus et schwéier. Räisseresch Schlagzeilen, Sensatioun, Vulgariséieren, dat fir Klicken: ''Da gëtt et nach eng aner Dynamik vu Persounen, déi de Prinzip verstanen hunn fir d'Blécker vun de Leit op sech ze zéien. Mat fiktive Schlagzeilen.''

Richteg Fake News also. Vum Evgeny Morozov sengem Monolog ofgesinn, haten d'Organisateuren awer fir en anert Format optéiert, nämlech d'Format vun engem sougenannten Rap-Duell.

Back to Top
CIM LOGO