2022D'Frontalieren hunn zesumme ronn 14 Milliarden Euro verdéngt

Jean-Marc Sturm
D'Zuel vun de Frontalieren, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen, wiisst an der Moyenne all Joers ëm 4%.

Frontalieren, déi op Lëtzebuerg schaffe komm sinn, kruten 2021 eppes iwwer 14 Milliarden Euro u Paie bezuelt. Fir Leit, déi vu Lëtzebuerg aus an dat not Ausland schaffe gaange sinn, waren et Remuneratiounen an Héicht vun zwou Milliarden. Ënnert dem Stréch war et also een Defizit vun 12,1 Milliarde bei der Balance des paiements.

Dës Zuele misst een dem Statec no awer och relativéieren, well d’Frontalieren am Referenzjoer 2021 méi an d’Sécurité sociale abezuelt hunn, wéi se u Prestatioune kritt hunn.

All Schaffdag komme ronn 290.000 Frontalieren op Lëtzebuerg schaffen, iwwert d’Hallschent dovun aus Frankräich a jee eppes manner wéi e Véierel aus der Belsch an aus Däitschland. Iwwerdeem nëmme ronn 1.600 Lëtzebuerger Residenten an d’Ausland pendelen.

Derbäi komme wäit iwwer 12.000 Persounen, déi fir international Institutioune schaffen. Dës sinn zwar um nationalen Territoire, ginn awer net zur Lëtzebuerger Ekonomie gezielt. Dozou gehéieren zum Beispill d’europäesch Investitiounsbank, den europäesche Geriichtshaff an aner Filiale vun europäeschen an internationalen Institutiounen. Wann e Lëtzebuerger Resident dohinner schaffe geet, ass e statistesch gesinn ee Frontalier, dee baussent Lëtzebuerg senger Aarbecht nogeet.

Franséisch Frontaliere verdéngen zu Lëtzebuerg an der Moyenne 53.000 Euro d’Joer. Hir Kolleegen, déi aus der Belsch oder Däitschland kommen am Schnëtt eng Dosen Dausend Euro méi. Hannergrond ass, dass d’franséisch Frontalieren dacks am Restauratiounssecteur oder dem Commerce aktiv sinn, wou d’Paien net esou héich sinn. Si sinn am Duerchschnëtt och méi jonk.

2020 war méi u Sozialleeschtungen un d’Frontalieren ausbezuelt ginn, wéi si an de System abezuelt haten. Dat haaptsächlech wéinst dem Chômage partiell am Zesummenhang mat der Coronapandemie.

2021 war een nees am normale Rhythmus, bei deem déi encaisséiert Cotisatioune vun de Frontaliere méi héich ware wéi d’Prestatiounen, déi si ausbezuelt kruten. An där Rechnung sinn awer Chômagegeld a Studentebourssen ausgeklamert. Déi hunn zesummen iwwer 58 Milliounen Euro ausgemaach.

Matt 14 Milliarden Euro, déi pro Joer als Pai un d’Frontalieren iwwerwise ginn, läit Lëtzebuerg am europäesche Verglach op 3. Plaz hannert der Schwäiz an Däitschland, woubäi et an der Schwäiz dacks ëm héich Remuneratiounen am Finanzsecteur geet. D’Situatioun an Däitschland ass wéinst der Gréisst vun de Baussegrenzen iwwerdeems schwéier mat där zu Lëtzebuerg ze vergläichen.

Back to Top
CIM LOGO