Invité vun der Redaktioun (23. November) - Danielle Becker-BauerD'Gewalt soll ee Gesiicht kréien an d'Affer eng Stëmm

Claude Zeimetz
D'Danielle Becker-Bauer, d’Vizepresidentin vum nationale Fraerot, war um Freideg de Moien am Kader vun der "Orange Week" eis Invitée vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Danielle Becker-Bauer
D'Danielle Becker-Bauer, d’Vizepresidentin vum nationale Fraerot, war um Freideg de Moien am Kader vun der "Orange Week" eis Invitée vun der Redaktioun.

Si huet drop higewisen, dass d'Gewalt vill Gesiichter huet, si géif iwwerall laueren an eiser Gesellschaft, op der Aarbecht, awer virun allem doheem, an do wier se extrem geféierlech, grad op där Plaz, wou ee sech soll sécher fillen.

D'Police gëtt an der Moyenne 60 mol de Mount geruff, 2 mol den Dag muss d'Police wéinst Gewalt agräifen. Zejoert goufen et 217 Wegweisungen. An der Majoritéit sinn et Männer, déi d'Wunneng musse verloossen.

Erschreckend Zuelen, wéi d'Danielle Becker-Bauer seet.

Si huet drop higewisen, dass et Opfankstrukture ginn, wéi Fraenhaiser, wou d'Affer professionell encadréiert ginn. Et géifen awer net genuch Plaze ginn.

Am Fraenhaus zu Esch zum Beispill wieren an de Moyenne 11-12 Fraen a 15 Kanner ënnerbruecht.

Dréngend gebraucht, gi Wunnenge fir déi betraffe Fraen, wou se no hirem Openthalt am Fraenhaus kënne wunnen, fir sech selwer nees eppes opzebauen.

Fir si wier et awer schwéier, um normale Wunnengsmaart eppes ze fannen.

D'Gewalt hëlt erschreckend zou, sou nach eis Invitée. Dowéinst misst och déi psychologesch Gewalt juristesch an der Gesetzgebung verankert ginn, sou nach d'Fuerderung. Dat ass den Ament hei am Land nach net de Fall.

Och misst d'Verjärungsfrist bei Vergewaltegungen op 30 Joer eropgesat ginn, 10 Joer ginn net duer, sou nach d'Vizepresidentin vum Nationale Fraerot.

Wat ass no engem Joer vun der #Metoo-Beweegung zeréckzehalen, déi zejoert am Kader vun der "Orange Week" ganz aktuell war? D'Danielle Bekcer-Bauer mengt, de Sujet Gewalt hätt iwwert dëse Wee méi eng grouss Visibilitéit kritt. Et géif an der Ëffentlechkeet méi fräi iwwert de Sujete geschwat ginn. Doduerch, datt Thema méi an der Ëffentlechkeet wier, hätten d'Affer méi Liichtegkeet fir driwwer ze schwätzen. D'Affer misst aus der Afferroll eraus a wëssen, datt et en Appui kritt.

D'Danielle Becker-Bauer, d’Vizepresidentin vum nationale Fraerot, war um Freideg de Moien am Kader vun der "Orange Week" eis Invitée vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO