Nei Rekord-Zomm gesammeltD'Grande-Duchesse um Telefon fir den Télévie-Spendemarathon

RTL Lëtzebuerg
Déi 20. Editioun vum Télévie war aus ville Grënn eng ganz besonnesch Sendung - ënner anerem och wéinst der Ënnerstëtzung vum Haff.
D'Grande-Duchesse beim Télévie
Déi 20. Editioun vum Télévie war aus ville Grënn eng ganz besonnesch Sendung - ënner anerem och wéinst der Ënnerstëtzung vum Haff.

D’Grande-Duchesse Maria Teresa war nämlech rëm dobäi, an dat net nëmme bei eis am Studio, ma och dobausse bei de Leit.

E Samschdeg ëm kuerz viru 14 Auer zu Mäerzeg: Opreegung mécht sech breet. Jidderee geet a Positioun, fir e ganz besonnesche Gaascht z’empfänken - d’Grande-Duchesse. Et ass déi éischte Kéier, dass si offiziell e Centre de Promesses besicht. E grousse Moment fir de Buergermeeschter a President vum Organisatiounscomité, de Mike Poiré:

“Et ass eng immens grouss Éier. Mir si sou frou, dass dat geklappt huet. Dass mir dat hei zu Mäerzeg konnten organiséieren, dat mécht ee scho bëssen houfreg als Buergermeeschter.”

D’Grande-Duchesse mëscht sech ënner d’Leit, kuckt sech d’Stänn un an hëlt sech Zäit fir Gespréicher. Eppes wat hir wichteg wier, wéi si an der Télévie-Sendung erzielt.

“Ech mengen et ass immens wichteg, well een duerch den direkte Kontakt besser versteet, wat d’Leed ass, wat d’Schwieregkeete sinn, wéi eng Hëllef d’Leit brauchen. Et ass esou einfach an net vill. Nëmmen do sinn an nolauschteren.”

E Betraffenen erzielt: Kriibs-OP um 30. Gebuertsdag

E méi laangen Echange huet si mam Stefano D’Agostino. Beim jonke Mann ass viru fënnef Joer duerch Zoufall Nierekriibs entdeckt ginn. Op sengem 30. Gebuertsdag krut hien eng Nier eraus geholl. De Start vun enger schwéierer Zäit, an e Gespréich, wat hien net méi sou séier vergiesse wäert:

“Ech hunn e bësse meng Geschicht erzielt, a wärenddeem ass mir selwer bewosst ginn, wéi haart dat war. An d’Grande-Duchesse huet mir dat och gesot ‘Dat war wierklech schlëmm wat’s du erlieft hues, du bass e richtege Kämpfer an dat huet mech inspiréiert’. A wann een dat esou héiert vun der Grande-Duchesse, dann ass een immens geréiert dovunner.”

Elo ass hien am véierte Joer vun der Remissioun. Ma och wann hie geschwënn als geheelt gëllt, hätt hien heiansdo nach ëmmer Angscht, dass de Kriibs erëmkënnt. “Et ass haart mee dat packe mer och nach dat lescht Joer”, esou en zouversiichtleche Stefano D’Agostino.

E puer Stonne méi spéit treffe mir d’Grande-Duchesse um Kierchbierg, bei der grousser Télévie-Final. Hei léiert si ënnert anerem de Yannick Linck kennen, dee mir bei sengem Kampf géint de Kriibs begleet hunn. “Ech war lo bëssen opgereegt, et ass net alldeeglech, dass ee mat der Grande-Duchesse schwätzt”, erkläert de Yannick, “mee et war wierklech e schéint Gespréich!”.

Rekord-Spenden och wéinst Bedeelegung vum Haff

Iwwer d’Presenz vun der Grande-Duchesse huet sech eng Persoun awer besonnesch gefreet: d’Télévie-Coordinatrice Diane Wunsch:

Deen dote Rekord ass och en Deel, well d’Madamm eis ënnerstëtzt, well da ruffen natierlech nach méi Leit un. Dofir e grousse Merci un eis Grande-Duchesse.”

An hirem Interview huet d’Grande-Duchesse sech och un all déi Bénévol geriicht:

“Déi ganz Mobilisatioun iwwerall am Land ass ganz emouvant. An ech profitéiere fir en immens grousse Merci all deene Leit ze soen, déi sech esou engagéieren – speziell déi, déi dat ganzt Joer iwwer engagéiert sinn. Well dat ass eng immens grouss Entreprise dat hei.”

An domat geet eng ganz speziell 20. Editioun vum Télévie op en Enn. Ma wéi heescht et ëmmer sou schéin: virum Télévie, ass nom Télévie.

Back to Top
CIM LOGO