Santé: Réckbléck op lescht 7 DeegD'Hallschent vun den Neiinfizéierten huet sech am Ausland ugestach

RTL Lëtzebuerg
An der Woch vum 17. op den 23. August war et heiheem a Saache Covid-Neiinfektiounen no 3 Wochen nees eng Hausse.
Santé: Réckbléck op lescht 7 Deeg
An der Woch vum 17. op den 23. August war et heiheem a Saache Covid-Neiinfektiounen no 3 Wochen nees eng Hausse.

334 Leit si positiv getest ginn. D'Hallschent vun hinnen hu sech bei Reesen an d'Ausland ugestach. Si ware mat knapp 2.100 Leit a Kontakt. Déi lescht Woch waren et 249 Neiinfektiounen an 1.827 Kontakter.

D'Zuel vun den aktiven Infektioune läit um 23. August bei 573, par Rapport zu 606 déi Woch virdrun. D'Zuel vu Leit, déi nees gesond sinn, ass vu 6.739 op 7.106 eropgaangen.

De Reproduktiounstaux ass geklommen, dat vun 0,77 op 1,11. De Positivitéitstaux vun den Tester ass vun 0,66% op 0,76% an d'Luucht gaangen.

D'Altersmoyenne bei den Neiinfizéierte läit bei eppes iwwer 35 Joer.
An der 3. Woch hannerteneen ass de Grand-Duché ënnert 50, nämlech op ronn 43 Neiinfektiounen op 100.000 Leit.

Leit, déi a Quarantän sinn oder waren

Ronn 1.100 Persoune waren d'lescht Woch a Quarantän (+1% par rapport zur leschter Woch). Dobäi komme ronn 600 Leit, déi isoléiert gi sinn (-22% par rapport zur leschter Woch).

   

0-14 ans

15-29 ans

30-44 ans

45-59 ans

60+ ans

01.06.2020

 

07.06.2020

35%

17%

28%

15%

5%

08.06.2020

 

14.06.2020

30%

18%

31%

18%

4%

15.06.2020

 

21.06.2020

19%

28%

29%

20%

5%

22.06.2020

 

28.06.2020

23%

32%

24%

18%

3%

29.06.2020

 

05.07.2020

21%

32%

23%

20%

4%

06.07.2020

 

12.07.2020

26%

26%

24%

20%

3%

13.07.2020

 

19.07.2020

27%

27%

23%

19%

3%

20.07.2020

 

26.07.2020

25%

24%

24%

21%

6%

27.07.2020

 

02.08.2020

23%

27%

24%

20%

5%

03.08.2020

 

09.08.2020

25%

26%

23%

21%

6%

10.08.2020

 

16.08.2020

19%

27%

25%

22%

7%

17.08.2020

 

23.08.2020

17%

30%

25%

21%

6%

D'Hallschent vun de Leit huet sech am Ausland infizéiert

Vun den 334 neie positive Fäll, sinn der 163 op Reesen am Ausland zeréckzeféieren. Domat stellt dëst 47% vun all de Fäll duer, eng däitlech Erhéijung zu der Woch virdrun, well do waren et nëmme 25%. D'Santé rappelléiert dohier nach eemol fir d'Gestes barrière an dat virgeschriwwent Verhalen anzehalen, och an der Vakanz. Et soll ee sech och teste loossen, wann ee Kontakt mat Risiko-Leit hat.
Et goufen d'lescht Woch 3 sougenannte Clustere fonnt an deene sech an engem Betrib respektiv enger Wunn-Gemeinschaft am Ganzen 28 Leit ugestach hunn. Bei 58 Fäll war d'Infektioun bannent der Famill. An 10 Fäll op enger Feier.

PDF: Réckbléck vun der Santé (17.-23. August 2020)

Back to Top
CIM LOGO