Op der Maniff dobäi"D'Heescherte sinn net lauter Béiser"

RTL Lëtzebuerg
E Freideg hate sech ronn zwou Dose Leit an der Stad zesummefonnt, fir géint d'Heescheverbuet ze protestéieren.

“D’Heescherte sinn net lauter Béiser”. Dee Message huet e Freideg e Mann, deen op der Strooss lieft, dem Dany Rasqué mat op de Wee ginn, wéi hatt op der Place d’armes war, wou de Kollektiv “Actioun géint Heescheverbuet” manifestéiert huet.

De Mann wollt anonym bleiwen a léiwer näischt an de Mikro soen, well hie fäert, erkannt ze ginn, vu fréiere Clienten oder soss Leit, déi mat him geschafft hunn.

Dofir resuméiert d’Dany Rasqué seng Geschicht:

Maniff fir Heeschterten / Reportage Dany Rasqué

De Mann, mat deem ech an d’Gespréich koum, hat viru 5 Joer nämlech och nach eng Aarbecht, wou hien all Dag mat Kostüm a Krawatt schaffe gaangen ass, wéi hien zielt. Aus sengem Rucksak hëlt hie puer Fotoen aus där Zäit. Hie seet, hie wier Independant gewiescht, alles wier gutt gelaf, bis zu deem Dag, wou hien e schroen Accident gehat hätt. Rëpper, Becken a Bee gebrach. Hien hätt e puer Méint am Spidol an an der Rea verbruecht, hätt och vun do probéiert, weider Kontakt mat senge Clienten ze halen, mä et wier den Ufank vum Enn gewiescht, mam Resultat, datt hien iergendwann de Loyer net méi konnt bezuelen an elo op der Strooss lieft. E Mann, dee ganz gefleegt ausgesäit a mat Tréinen an den Aen erzielt, datt hie just am Noutfall d’Leit freet, ob hien e Su kéint kréien a sech al Kéier fuerchtbar géif schummen, mä elo misst hien och nach fäerten, bestrooft ze ginn.

Genee dogéint wiere sech Leit, wéi dee Grupp Manifestanten e Freideg am spéiden Nomëtteg an der Stad.

Ech fannen, ze heeschen, ass e Mënscherecht. Ech hu 5 Joer zu Wien geschafft an do sinn ech duerch d’Kärtner Strooss gaangen, dat ass wéi eis kleng Groussgaass an do sëtzen Heescherten an déi sinn toleréiert a mir bréngen dat net fäerdeg hei an eisem schéine Marieland. Bravo Madamm Polfer!

Et gëtt ëmmer gesot, ‘mir sinn net géint déi, déi schéi brav heeschen, mir si géint déi, déi aggressiv heeschen’. Wéi gesot, ech hunn dat nach net erlieft. Si sollen dann einfach éierlech soen, dat gehéiert net zu eisem Stadbild. Dat wëlle mer net méi gesinn, mir wëllen hei just nach Louis Vuitton a Gucci gesinn.

Geschaten zwou Dose Manifestante waren dëst Kéier an der Stad. Ënnert hinnen och déi jonk Nora Schneider, déi sech an de leschte Woche schonn e puer Mol op d’Strooss gesat huet, fir géint den Heescheverbuet ze protestéieren.

Enttäuscht vun der Politik ass si awer net:

Ech war net enttäuscht, mä ech hu mer et erwaart. Also ech hu mer net dat doten erwaart, mä ech hu mer erwaart, datt se enttäuschend sinn. Ech war einfach just rosen, wierklech rosen doriwwer. Dat huet mer richteg wéigedoen. Einfach just vum mënschlechen hier. Dat geet jo net. Ech weess net, wéi se mat där Decisioun owes kënnen an d’Bett goen a soen, se hätten eppes Guddes gemaach.

Ee Lidd ass op der Manifestatioun ëmmer erëm gelaf. De Max Molitor, Simon Hoffmann a Larry Bonifas hu sech un engem Lëtzebuerger Klassiker vum Louis Petit inspiréiert.

D’Heescherten aus der Stad

Ginn lo ewechgesat.

Dat plangt de Léon bei ronn 30 Grad

a sengem Büro am Häerz vun der Stad.

Hie geet um rietse Pad,

och d’Lydie huet es sat.

Wat huet eis d’Ländche sou laang drop gewaart.

Elo gi si ausgespaart.”

Back to Top
CIM LOGO