
Déi lescht Fra, déi de Budgetsprojet presentéiert huet, war 2018 déi deemoleg DP-Deputéiert Joëlle Elvinger, déi entretemps op der Europäescher Cour des Comptes ass. D’Diane Adehm stellt deemno de Budgetsprojet fir de Rescht vun dësem Joer vir, nodeems bis Enn Abrëll d’Douzièmes Provisoires gëllen.
D’CSV-Zentrum-Députéiert an Hesper Schäffen ass zanter Kuerzem nei Presidentin vun der Chamber-Finanz-Kommissioun an hëlt domat d’Successioun vum Max Hahn, deen de leschte Rapporter vun der Dräier-Regierung war an entretemps zu Minister-Funktioune koum.
De Budgetsprojet mat der Nummer 8383 gëtt de 6. Mäerz vum Finanzminister Gilles Roth um Krautmaart deposéiert - duerno gesäit d’Finanzkommissioun dann all relevant Gespréichspartner wéi d’CSFF, de Statec, d’Zentralbank oder d’Cour des Comptes.
Zejoert huet de Budget iwwerdeem mat engem provisoreschen Defizit vu 630 Millioune beim Zentralstaat ofgeschloss - dat huet en Dënschdeg de Minister Roth annoncéiert.