Den Undeel vu Geothermie ass an de leschte Jore geklommen. Mam Klima- an Energieplang well d’Regierung aktuell préiwen, ob méi déif Geothermie zu Lëtzebuerg a Fro kënnt.
De Quartier Nei Schmelz zu Diddeleng kéint en Test-Labo fir Lëtzebuerg ginn, wéinst enger spezieller geologescher Constellatioun. De Service Geologique huet dofir eng Buerung vu 423 Meter déift gemaach. An der Buerung konnt een och d’Temperatur moossen. Bei 430 Meter huet een 28,5 Grad Celsius gemooss.

Zil ass et awer méi wäit ze goen, respektiv méi déif. Duerch déi méi héich Temperature kéint de ganze Quartier gehetzt ginn, dat 1.000 bis 2.000 m ënnert der Uewerfläch.
E gewëssent Potential fir Geothermie wier besonnesch tëscht Diddeleng an Esch denkbar, dat wéinst der geologescher Viraussetzung.
Jee no Déift an där een sech beweegt gëtt et ënnerschiddlech Forme vu Geothermie:
An enger Déift vun 10 bis 25 Meter schwätzt ee vun ënnerierdescher Geothermie (géothermie de subsurface); bei 80 bis 120 Meter schwätzt ee vu Geothermie vu gerénger Déift (géothermie peu profonde); tëscht 20 an 2000 m ass et Geothermie vu mëttlerer Déift (géothermie de moyenne profondeur) a bei 2000 bis 5000 m geet riets vun déiwer Geothermie (géothermie profonde).