
Vill Leit déi zu Lëtzebuerg schaffe ginn, kréien vun hirem Employeur Chèque-Repasen: kleng Bongen a cash respektiv hautdesdaags och gesammelt op enger Kaart mat deenen ee sech op engem Aarbechtsdag eng Moolzecht ka kafen. E sougenannten Avantage en nature fir de Salarié, deen déi Bongen dann – dat ass d‘Erwaardung vun der Politik – an de Butteker a Restauranten ausgëtt.
D‘Fro stellt sech, ob e Salarié seng Chèque-Repasen och muss kréien, wann e vun doheem aus schafft. An éischter Instanz huet d‘Aarbechtsgeriicht an engem Fall kloer Jo gesot.
D’Banke-Gewerkschaft Aleba stoung engem Member mat engem Affekot zur Säit. Dee krut seng Chèque-Repasen tëscht Mäerz 2020 an Juni 2021 nämlech vu sengem Patron refuséiert, well en am Télétravail war.
D‘Firma hat argumentéiert, dass de Salarié kee Recht op dës Bongen huet, fir sech Iessen ze kafen, wann en net um Büro ass.
D’Geriicht gesäit et anescht. Am Urteel vum 29. Februar consideréiert d‘Riichterin, dass d’Chèque-Repasen een Deel vun der Remuneratioun sinn, deen een dem Salarié net einfach duerf ewechhuelen. Dozou de President vun der ALEBA Roberto Mendolia:
„Ob e Salarié d‘Recht op Chèque-Repasen a sengem Aarbechtskontrakt stoen huet oder ob dat generell fir déi ganz Entreprise gëllt: d‘Geriicht huet festgehalen, dass keen Ënnerscheed ze maachen ass, wou de Salarié schafft. Och deen am Télétravail huet e Recht drop.“
An dëser Affär muss d‘Entreprise dem Salarié, dee geklot hat, och d‘Valeur vun de Chèque-Repasen rembourséieren, déi en net kritt hat: eppes iwwer 2.100 Euro. D‘Firma huet natierlech nach Zäit an Appell ze goen.
Dem President vun der Banke-Gewerkschaft no kann dës Affär allgemenge Charakter kréien.
„Mir wäerten mat eisen Affekoten analyséieren, ob net esouguer all d‘Salariéen aus dem Land d‘Recht hätten, fir d‘Iessen rembourséiert ze ginn, wa se Homeoffice maachen.“
De Roberto Mendolia ka sech virstellen, zu deem Thema d‘Gespréich mam neien Aarbechtsminister Georges Mischo ze sichen.
Wat d‘Chèque-Repasen ugeet, steet am respektive Reglement iwwregens, dass déi do sinn, fir dem Salarié et wärend Schaffdeeg z‘erméiglechen, sech eppes z‘iessen ze kafen. Eng geographesch Contrainte gëtt et do net.