Nationale Klima- an EnergieplangDieschbourg: "Ambitiéisen a verantwortungsbewosste Plang"

Claudia Kollwelter
Et wier en ambitiéisen a verantwortungsbewosste Plang, dat sot d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg e Mëttwoch de Mëtteg.
Dieschbourg: "Ambitiéisen a verantwortungsbewosste Plang"
Et wier en ambitiéisen a verantwortungsbewosste Plang, dat sot d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg e Mëttwoch de Mëtteg.

Dat am Kader vun der Presentatioun vum nationalen Klima- an Energieplang. Zesumme mam Energieminister Claude Turmes goufen d'Ziler duergeluecht, déi een an den nächste Joren erreeche wëll an dat ënnert anerem an der Industrie, dem Transport an der Agriculture. Bis 2030 sollen d’CO2-Emissiounen hei am Land zum Beispill am Verglach zu 2005 op 50 bis 55% reduzéiert ginn.

Lëtzebuerg géing an déi richteg Richtung goen an awer hu mir an Europa nach ëmmer déi gréisste Pro-Kapp-Emissiounen, betount d'Ëmweltministesch. Ee Beräich stécht do kloer ervir an zwar den Transport, dee mécht 64% vun den Emissiounen aus. E groussen Deel, 4 Milliounen Tonnen Emissiounen kommen aus dem Beräich vun den Non-Residenten, 1,7 aus dem Beräich vun de Residenten.

Nationale Klima- an Energieplang/Rep. Claudia Kollwelter

De Schlëssel, fir dat an och aner Ziler ze erreechen, wieren eng ganz Partie Beräicher wéi ënnert anerem d’Industrie, den Transport, d’Agriculture an d’Handwierk.

Dem Energieminister Claude Turmes no misst Lëtzebuerg als Land dat beschte ginn an der Energie-Effizienz an an der Energie-Produktivitéit. D’Land misst iwwerall déi beschten Techniken asetzen a beispillsweis d’Renovatioune vu privaten Haiser méi attraktiv maachen an de Leit de Schratt dohinner vereinfachen. E grousst Potential fir den nationale Klimaschutzplang gesäit de Minister an der Elektromobilitéit, déi weider acceleréiert misst ginn. "En Elektroauto huet bal 80% Effizienz. Dat heescht mat all Elektroauto maach der en Effizienzsprong vun 3 bis 4 Mol. Mat all Elektroauto schaaft der och déi eenzel realistesch Moossnam, fir erneierbar Energien ze bréngen, well jo dann zum Beispill den "Chargy" mat gréngem erneierbarem Stroum funktionéiert. Diesel, Gas a Bensin ginn ni erneierbar.", esou de Claude Turmes.

Lëtzebuerg wier en Energie-Import-Land a wäert dat och bleiwen, huet de Minister ënnerstrach. Et misst een an Zukunft och op de Wee vu méi Kooperatiounen a Punkto erneierbaren Energië goen. Esou eng Kooperatioun gëtt et haut jo scho mat Estland a Litauen.

"Meng Iddi ass et, datt mer an Zukunft zum Beispill mat der Belsch zesummeschaffen a gemeinsam an e groussen Offshore-Wandpark investéieren.", esou nach de de grénge Minister.

Am Laf vum Joer soll e Klimagesetz proposéiert ginn, de Klimapakt gëtt erweidert a verdéift, an d'Primme sollen och op de Leescht geholl ginn. Fir den nationale Klimaplang, dee bis Enn dës Joers fäerdeg soll sinn, soll de Public iwwregens och mat an de Prozess agebonne ginn.

PDF: Weider Infoen a Grafiken.

Back to Top
CIM LOGO