Invité vun der Redaktioun (11. Januar) - Stéphanie ObertinDigitalisatioun ass "net opzehalen", mee al Methode bleiwen och bestoen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie war d'Digitaliséierung Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Stéphanie Obertin
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

“D’digital Transformatioun ass net opzehalen”, esou déi nei Digitaliséierungs- a Fuerschungs- an Héichschoulministesch Stéphanie Obertin den Donneschdeg de Moien hei op RTL. D’DP-Ministesch huet erkläert, datt een all d’Leit mat an d’Digitalisatioun wéilt abezéien, mee si huet och verséchert, datt déi al Methode géinge bäibehale ginn. Zil ass et, mat der Digitaliséierung de Leit d’Liewe méi einfach ze maachen.

Op d’Beispill vum digitale Patientendossier ugeschwat, huet d’Digitaliséierungsministesch zouginn, datt dat beim Gesondheetsministère a bei der E-Santé géing leien. Allerdéngs gesäit de Koalitiounsaccord vir, datt een eenzegen Zougank zum Patientendossier iwwert “myguichet” soll kommen, esou d’Stéphanie Obertin. Si sot, do wier een “an nächster Zukunft” mat all de Concernéierten “ganz aktiv” ënnerwee.

D’Technik an d’Innovatioun gi ganz séier an deem muss ee Rechnung droen, esou d’Digitaliséierungsministesch weider. Et géing iwweregens net méi laang daueren, bis een op nei Applikatioune kann zeréckzegräifen, ewéi zum Beispill de “Rendez-vous virtuel”. D’Approche vun hirem Virgänger Marc Hansen fir d’Leit selwer, fir Iddien ze froen, fir d’Prozeduren oder Demarchen ze vereinfachen, hätten och hir Friichte gedroen: et géing een dat zum Beispill an der neier iwwerschaffter Versioun vu guichet.lu erëmfannen.

Jo, fir an d’Regierung, ouni de Regierungsprogramm gelies ze hunn?

D’Stéphanie Obertin hu mir den Donneschdeg de Moien iwwerdeems och gefrot, fir wéi eng Politik si steet. D’Wäerter vun der DP – “sozial a liberal” – géinge si als berufflech Doktesch schonn definéieren. Dat géing bedeiten: d’Fräiheet ze hunn, Decisiounen ze huelen a gläichzäiteg jiddereen ze respektéieren. De Leit d’Méiglechkeete ginn, sech z’entwéckelen an trotzdeem deene sozial Schwaachen ze hëllefen.

Op d’Remark, datt si averstane war, an d’Regierung ze goen, ouni de Koalitiounsaccord gelies ze hunn, huet d’Stéphanie Obertin geäntwert, datt si 2018 scho mat der DP mat an d’Wale gaange war an um Walprogramm fir 2023 matgeschafft huet. Si war scho “relativ sécher”, datt dat, wat am Koalitiounsaccord géing stoen, och hiren Iddie géing entspriechen. Op jidder Fall, wat d’Digitaliséierung an d’Fuerschung an Héichschoul ugeet.

Datt aner Punkten aus dem Koalitiounsaccord, de Begrëffer “Fräiheet” oder “Sozial” net wierklech entspriechen, ewéi de Platzverweis zum Beispill, wollt si net kommentéieren. Si géing sech op hir Ressorten elo konzentréieren.

En Donneschdeg de Moie war d’Digitaliséierung Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO