
Dem Securité sociale-Minister Claude Haagen no hunn Uganks des Joers grad mol 39 Dokteren an Zänndokteren hire Patienten en acceleréierte Remboursement vun den Dokteschrechnunge proposéiert. Zanter datt déi digital Applikatioun Enn zejoert en Place gesat gouf, ass d’Zuel och nëmme liicht an d’Luucht gaangen. De System funktionéiert mat engem QR-Code op der Rechnung, deen d’Dokteren direkt via eng App un d’Gesondheetskeess schécken, déi d’Rechnung doduerch méi séier zréckbezuele kann. Souwäit d’Theorie. An der Praxis fënnt dës Offer bis elo awer nëmme ganz wéineg Uklang.
D’CNS krut tëscht dem 23. September zejoert an dem 31. Mee grad mol 0,11% vun den Demanden digital iwwermëttelt. Dem Ressortminister no wieren déi zoustänneg Servicer amgaangen, fir ze kucken, firwat bis elo nëmme sou wéineg Doktere matmaachen a wéi een eventuell Obstakelen aus dem Wee raume kéint. Méi konkret gëtt de Claude Haagen an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der DP-Deputéiert Carole Hartmann net. D’CNS iwwerhëlt iwwregens en Deel vun den Onkäschten, fir d’Dokteren z’encouragéieren, déi digital Offer unzehuelen. De sougenannten acceleréierte Remboursement ass eng éischt Etapp en vue vun engem generaliséierte System, bei deem de Patient direkt no der Consultatioun just nach säin Deel vun den Dokteschrechnung ze bezuelen huet. Wéini de generaliséierten Tiers payant oder Paiement immédiat direct - wéi en elo offiziell genannt gëtt - genee Realitéit gëtt, ass bis elo net gewosst. Erkläerten Zil war 2023. Vun deem Moment u mussen d’Patienten d’Participatioun vun der CNS net méi virstrecken. Dëst Joer sollt u sech duerfir déngen, fir d’Dokteren an d’Assuréen un déi nei digital Echangen ze gewinnen. Do ass also nach e wäite Wee ze goen.
Den Ament muss een iwwregens nach ëmmer bis zu 6 Wochen waarden, fir eng Rechnung vun der Gesondheetskeess rembourséiert ze kréien