De Minister hat ugekënnegt, d’Commission d’agence erofzesetzen, fir d’Präisexplosioun um Logementsmarché ze bremsen. Et war domadder ze rechnen, datt dat an der Branche net gutt géif ukommen.
“Et muss een ëmmer e Schëllege sichen, wann een en Dossier net well richteg upaken” kontert de Manuel Rizzo.
Hien ass Member am Verwaltungsrot vun der Chambre immobilière a President vun der internationaler Federatioun vun den Immobilienagenten. Datt d’Agencen fir déi héich Präisser um Wunnengsmaart matresponsabel solle sinn, well hien net esou stoe loossen.
Dat wier e falscht Bild.
“Wann ech dat elo einfach graff rechnen, soe mer, ech verkafen fir eng Millioun an da schwätze mer vun 3 Prozent, dann hunn ech séier 30.000 Euro verdéngt. Dat gëtt jo dobausse gesot. Dat ass awer bei Wäitem net d’Realitéit. Do muss vill méi kommunizéiert ginn, datt dat definitiv net d’Agence immobilière ass, déi de Präis no uewen dreift.”
D’Kommissioune vun den Agencen léiche maximal nach ëm déi zwee Prozent, esou de Manuel Rizzo, fir deen ee vun de grousse Problemer d’Terrainspräisser wieren. Déi géife 50 bis 60 Prozent vun engem Projet ausmaachen, donieft wier d’Bauen u sech eleng d’lescht Joer 9 Prozent méi deier ginn, well de Präis vum Material an d’Luucht gaangen ass, d’Offer um Marché wier net grouss genuch, d’Promoteuren missten dacks laang op Autorisatioune waarden.
“E Promoteur keeft haut, fir muer ze erëm ze verkafen, fir domadder säi Benefice ze maachen a seng Aarbechter um Schaffen ze hunn. Awer vun haut op muer verkafen, do leien zu Lëtzebuerg heiansdo tëschent 10 a 15 Joer, bis datt e Projet dierf gebaut ginn.”
Bei de Locatioune kritt eng Agence eng Kommissioun, déi sou héich ass wéi ee Mount Loyer. Lounen ass och méi deier ginn, d’Remuneratioun vun den Agencen doduerch automatesch geklomm. Eng Hausse, déi awer net iwwerdriwwe wier. D’Aarbecht wier schliisslech och vill méi ginn. Stéchwierder Anti-Blanchiment an Dateschutz, mä domadder wier et nach net gedoen ....
“Eng Annonce kréien ech net fir näischt. Dat heescht als Agence immobilière ginn ech zegdausenden Euroen am Mount aus, fir iwwerhaapt emol visibel ze sinn. Mir hunn Netzwierker, déi mer mussen opbauen an dat kascht alles säi Geld. All Beruff zu Lëtzebuerg gëtt remuneréiert, et ass just bei enger Immobilienagence, wou gesot gëtt, datt se ze vill verdéngt.”
Och bei de Locatioune sinn iwweregens Ännerungen en vue.
D’Kommissioun fir d’Agencë soll tëschent Locataire a Proprietär opgedeelt ginn an d’Kautioun, déi e Locataire muss hannerleeën, déi soll vun 3 op 2 Méint erofgesat ginn.